Well dat lescht Iessen virum Schlofe goen beaflosst net nëmmen eis Verdauung, mä och eis Dreem. Dat behaapt op mannst emol d'Grënnerin vun enger bekannter englescher Detox-Firma, d'Geeta Sidhu-Robb. Et gi net vill wëssenschaftlech Etüden zu deem Thema, mä vill eenzel Erfarungen, bestëmmt och Är eegen, deiten op dat selwecht Resultat hinn.

30/09/2019 Et ass net egal wat een owes ësst

Wann ee bedenkt, op wéi vill aner Saachen am mënschleche Kierper d'Iessen en Afloss huet, schéngt déi Behaaptung mat den Dreem plausibel ze sinn.

© Pixabay

Esou ass zum Beispill eppes drun, dass Kéis Alpdreem kann ausléisen. D'Sidhu-Robb erkläert, dass Liewensmëttel mat vill Kalorien, virun allem Fast Food, Kéis, awer och schaarft Iessen zu komeschen an deels ellenen Dreem kënne féieren. Virun allem wann een déi Saachen spéit owes ësst, ginn de Stoffwiessel an d'Kierpertemperatur an d'Luucht, wat zu enger méi staarker Aktivitéit am Gehir féiert. D'Iessen wullt also op an et gëtt ee nuets dacks waakreg. Dowéinst erënnert ee sech och besser u seng schlecht Dreem, déi ee wahrscheinlech vergiess hätt, wann een e rouegen a laange Schlof gehat hätt.

Och Schockela kann eis Dreem beaflossen, well grad ewéi am Kaffi, Koffein dran ass. Dat an den héijen Zockergehalt suergen dofir dass mer net déif schlofen a gelungen dreemen.

Vill Leit menge jo och, Alkohol géif hinnen hëllefen besser ze schlofen, mä de Géigendeel ass de Fall. De Schlof gëtt gestéiert an de Kierper kämpft reegelrecht fir sech kënnen ze entspanen.

© Pixabay

Méi schéin Dreem kritt een, wann e méi liicht a méi gesond Liewensmëttel ësst, déi einfach ze verdaue sinn. Anstatt Kichelcher oder Schockela sollt een owes eng Banann iessen. Banannen enthalen Magnesium, Kalium an Tryptophan, alles Elementer, déi gutt fir eng gesond Häerzfrequenz sinn. Am Uebst ass och Melantonin dran, wouduercher ee besser ukënnt mat schlofen an d'Schlofqualitéit esouguer verbessert gëtt. D'Chancen sinn also méi grouss, dass mer dann e schéinen Dram erliewen.

Nëss gehéieren och an d'Kategorie vum gudden Owes-Snack: si enthale vill Magnesium, e Mineralstoff, deen eis Muskele brauchen, fir kënnen ze entspanen. Den Tryptophan deen dran ass, eng Aminosaier, reguléiert den Hormon-Haushalt an hëlleft dobäi, de Stress am Kierper ofzebauen. Also owes virum Schlofe goen keng Chipsen bei der Tëlee, mä e Grapp voll Cashew-Nëss a Mandelen. Dann dreemt Der schéin :-)