Déi däischter Joreszäit huet nees ugefaangen an och op der Strooss muss een do op esou munches oppassen.

De Raoul Roos huet sech ëmfrot, u wat een alles muss denken fir sécher duerch den Hierscht ze kommen.


09/10/2019 Fueren am Hierscht 10h10

Et sinn aner Wiederkonditioune wéi am Summer. Dacks ass et naass a fiicht. D'Nuechten si kal an d'Stroosse méi schmiereg wéi am Summer.

Et ginn awer och nach aner Risike wéi de Laurent Lentz vun der Verkéierspolice erkläert.

Elo ass dann och de richtege Moment fir dat technescht Equipement vu sengem Auto kontrolléieren ze loossen. Oppassen soll een natierlech och wann ee laanscht Bëscher oder Felder fiert wéinst dem Wëldwiessel. Wa bis een Déier iwwer d'Strooss leeft, kommen der gär nach no. Also egal wéi virsiichteg fueren a wann een en Déier gesäit, d'Vitess reduzéieren a wa keng Gefor besteet stoe bleiwen an déi 4 Winker umaan.

Ass en Accident mam Wëld net ze vermeiden, ass et och ëmmer besser eng Vollbremsung ze maachen an ze hoffen dass ee virum Déier un d'hale kënnt, wéi dass een duerch onkontrolléiert renkelen an de Bam rennt.

De Laurent Lentz vun der Verkéierspolice mécht dann och drop opmierksam, dass et Gefore gi wann ech als Foussgänger ënnerwee sinn.
 
An et ka kee soen en hätt et net gewosst: d'Police mécht bis Enn des Joers verstäerkt Kontrollen.

Et kënnt also souwuel drop un gutt ze gesinn wéi och gutt gesinn ze ginn.