Reggae-Dancehall aus der däitscher Haaptstad. Singer-Songwriter aus Irland a Glam-Metal aus Groussbritannien; do dierft erëm fir jiddereen eppes dobäi sinn.

04/10/2019 Nei Musek

Bei Reggae-Dancehall vu Berlin ginn et net 1000 verschidden Optiounen. Normalerweis misst ee bei dëser kuerzer Beschreiwung beim Pierre a senge Kollege landen. Seeed, mat 3 e, sinn erëm do, éischten Album ouni den Demba Nabé deen d'lescht Joer am Mee gestuerwen ass. Dee Moment war net sécher ob Seeed iwwerhaapt hir nächst Concerte spillen, zum Beispill deen Enn dës Mounts an der Rockhal (dee schonn éiweg ausverkaaft ass), no enger kuerzer Paus huet d'Combo decidéiert dann awer weider ze maachen. Gott sei Dank. Déi éischt Single Ticket war e bëssen dënn, awer sentimental well un de verstuerwenen Demba geduecht gëtt. Ganz einfach Bam Bam heescht de 5. Seeed-Album dee mat der aktueller Single G€ld definitiv Loscht op méi mécht.

Singer-Songwriter ginn et wéi Sand um Mier, och an Irland. Ëm deen et haut geet ass nach relativ nei am Business. Den Dermot Kennedy presentéiert säi Major-Label-Debutalbum Without Fear. Major Label an deem Sënn well den Album Without Fear schonn eng Kéier 2015 erauskomm ass, elo dann ebe bei Interscope. Den Dermot kritt am Dezember, den 13., 27 Joer, hien ass zu Rathcoole am Süde vun Irland grouss ginn an ass en enorme Fussballfan, dat seet hie mol dacks an Interviewen, ee vu senge gréissten Idoler ass de Lionel Messi. Seng Musek huet hien am Laf vun de Joer a Stied wéi Dublin a Boston an den USA entwéckelt. Zu senge musikaleschen Helden zielen Artiste wéi Ray LaMontagne, David Gray an Damien Rice.

Et gëtt Glam Metal aus Groussbritannien, déi Kéier si mir am Oste vum Kinnekräich ënnerwee. The Darkness haten erëm d'Bedürfnis Musek ze maachen a presentéieren no 2 Joer Abstinenz hire 6. Album Easter Is Cancelled, dat gesi mir dann d'nächst Joer am Abrëll. D'Grupp ronderëm den Justin an Dan Hawkins hat vun 2006 bis 2011 eng Paus ageluecht, dat war no der grousser Zäit wéi I Believe In A Thing Called Love a Love Is Only A Feeling. Zënter dem Split leeft dat awer Plus Minus normal bei The Darkness, Easter Is Cancelled ass schonn de 4. Album no hirer Reunion.

Soss nach Releasen déi ee kuerz ernimme kéint?

De Mika mécht Reklamm fir säi richtegen Numm; My Name Is Michael Holbrook heescht de 5. Album vu Sänger deen ëmmer nees duerch seng faarweg Videoen, extravagant Concerten a seng, deels, hell Stëmm, opfält. A fir jiddereen deen e bëssen am Alternative Rock vun den 90er hänke bliwwen ass; d'Grupp Live presentéiert eng 25 Joer Anniversary Edition vun hirem 94er Album Throwing Copper mat deem deemools den Duerchbroch komm ass.