Mir feiere 40 Joer Titanic. Natierlech geet riets vum däitsche Satire-Magazin, deen duerch sëllechen, deels och skandaléis Aktiounen op sech opmierksam gemaach huet. De Raoul Roos bliedert duerch 40 Joer Titanic.

07/10/2019 40 Joer Titanic 09h20

40 Joer an domat déi eelsten Satire-Zeitung an Däitschland. D'Oplag läit eegenen Aussoen no bei all Mount knapp 100 000 Exemplairen.

Ugefaangen huet alles am November 79. D'Titanic gouf gegrënnt, well sech 5 Hären zesumme gedoen hunn, déi bei enger anerer Satire-Zeitung geschafft hunn. 

D'Zeitung Titanic wousst schonn ëmmer ze provozéieren: Iwwer 100 Geriichtsaffären sinn a 40 Joer zesumme komm.

An den 80er gëtt den Helmut Kohl "Birne" genannt.

D'Zonen-Gaby ass eng fiktiv Persoun, déi am November 89 um Titelbild vun der westdäitscher Zeitung ze gesi. "Meine erste Banane" stoung drënner. An der Hand hat si awer eng geschielte Kornischong.

Deene meeschten am Kapp bliwwen ass d'Aktioun aus dem Joer 1988, bei deem de fréieren Titanic Chefredakter Bernd Fritz bei Wetten Dass behaapt huet, e kéint erkennen wéi eng Faarf d'Bläistëfter hätten wann e géif dru lecken. D'Wett huet e gewonnen, kuerz drop goufen d'Leit awer opgekläert, dass e gefuddelt huet.

Hautdesdaags ass d'Zeitung Titanic och politesch aktiv. Mat der Partei "DIE PARTEI" hu se souguer 2 Vertrieder am Europaparlament sëtzen, dee bekanntste vun hinnen ass de Martin Sonneborn, hire fréiere Chefredakter.

"Das endgültige Satiremagazin", esou den Ënnertitel vun der Zeitung. "Endgültige Titelausstellung der Titanic", esou heescht d'Ausstellung iwwer 40 Joer Titanic, déi een zanter dësem Mount an nach bis den 2. Februar 2020 zu Frankfurt ka gesinn.