Wie behuele seet, denkt och mol ganz gären un den Adolph Knigge. De Mann ass duerch säi Wierk Über Den Umgang Mit Menschen weltberühmt ginn. An Tëschenzäit gëtt et, ënner anerem, e Knigge fir an de Restaurant, e Knigge fir mat Geeschter eens ze ginn (kee Witz), e Knigge datt Kanner wësse wéi ee sech behëlt. Ma och am digitalen Zäitalter mécht e Knigge, respektiv eng Lëscht mat e puer Behuel-Recommandatiounen duerchaus Sënn. Sou och fir Leit déi Whatsapp op hirem Smartphone installéiert hunn.

07/10/2019 Whatsapp Knigge

1. Stickeren an Emojien: fir vill Leit schéngt et Concours ze sinn, wien am meeschte Billercher an engem eenzege Message verschafft kritt (et gi bestëmmt Leit déi där aler SMS an hire maximalen 160 Zeechen notraueren) Fakt ass awer datt dat ganz ville Leit op d'Strëmp geet. Verschidden Chats gesinn éischter wéi e Molbuch aus der Spillschoul aus an net wéi eng Konversatioun tëscht zwou oder méi Persounen.

2. Ganz vill kuerz Messagen hannereneen: verschidde Leit maachen et, wahrscheinlech oder och net, mol guer net express, mä wa se am Gaange sinn hir Messagen ze schécken, drécke se no all Saz Send. Dat huet als Konsequenz datt deen deen de Message liese soll, komplett duerchernee gëtt an datt den Handy wéi geckeg bimmelt an domat dann och nach aner Leit nervt.

3. Schlecht Profilbiller: sief et well een immens kreativ ass oder einfach eng technesch Päif, mä verschidde Profilbiller sinn esou schlecht z'erkennen datt een absolut näischt erkennt. An dobäi geet et genee ëm dat; een erkennen. Anescht wéi am richtege Liewe potert een op Whatsapp a Co. jo éischter mam Ecran wéi mat enger Persoun.

4. Kettebréiwer weiderschécken: oder iwwerhaapt schécken. Nervt einfach jiddereen a suergt net fir immens vill Freed bei de Kontakter.

5. Eppes Wichteges als Message schécken an dann net méi erreechbar sinn: fräi nom Motto "so hues de matkritt wat deen erëm fléie gelooss huet" an dann näischt méi. Als Whatsapp-User muss ee sech bewosst sinn datt d'Funktioun "Telefonéieren" nach ëmmer benotzt ka ginn an datt et duerchaus méiglech datt e Mënsch urifft.

6. Fotoe vun Déieren: ass léif gemengt, geet der Majoritéit awer op d'Schlappen. Entertainment-Facteur 0 wann net souguer nach manner.

7. Ze laang Sproochnoriichten: wann eppes ze laang oder ze komplizéiert fir en normale Message ass, een awer keng Zäit huet ze telefonéieren dann, an nëmmen dann, mécht eng Sproochnoriicht Sënn. "Moie wéi geet et" ass definitiv ze kuerz, a sech eng hallef Stonn iwwert den Noper opreegen ze laang. Wie gäre laang Monologen hätt, soll sech Gedanken iwwer e Podcast maachen.

8. Seng Vakanz streamen: déi ganzen Zäit Fotoe vun der Plage, e Cocktail hei, en Ausfluch do. E ganze Koup Leit brauchen no hirer Vakanz nach Congé fir sech vun de Strapazen op Whatsapp z'erhuelen. Maacht Vakanz a Patten ewech vum Handy.

9. Op zwou Wochen al Themen am Netz reagéieren: et kann een net alles matkréien. D'Zäit leeft zwar ëmmer méi séier an d'Informatioune komme méi séier erbäi wéi verschidde Leit se verschaffe kënnen, mä no 14 Deeg iergend e Scoop opwiermen an deen dann och nach kommentéieren, mécht sou vill Sënn wéi eng Klimaanlag zu Oimjakon, déi keelsten Uertschaft op der Welt.

10. Richteg Äddi soen: wann dir an engem Whatsapp-Grupp d'Gefill hutt dir wäert total op der falscher Plaz, gräifen déi Meescht op den haarden Exit zeréck. Einfach zack eraus aus der Grupp an da war et dat. Da steet nëmmen nach "Elvis has left" do. Dat kënnt net bei jidderengem gutt un. Dowéinst kuerz, diskret soen datt een den Abgang mécht, da kann och do kee meckeren.