Elo gëtt et Zäit fir e klengen Aperitif. Wéini hutt Dir dann äre leschten Gin Tonic gedronk? Oder war et éischter e Wodka Tonic? Nieft der Wiel vum richtegen Alkohol kënnt et och drop un, wéi een Tonic-Waasser dra kënnt. Wien haut "Tonic" seet, deen denkt do net nëmmen méi un eng Mark Raoul...

07/10/2019 Wat ass eigentlech Tonic?

Déi Mark, dat ass déi, déi vun engem gewëssene Johann Jacob Schweppe patentéiert gouf.

Tonic besteet aus Chinin, dat ass eng chemesch Verbindung déi am Chinaschuelebam virkënnt. A la base ass dat e wäisst Polver, nëmmen schwéier waasserléislech an huet e battere Goût.

De Chinaschuelebam kënnt net nëmmen a China vir. Den Numm huet u sech näischt mam Land "China" ze dinn. Den Numm kënnt aus dem südamerikaneschen "kina-kina" wat sou vill bedeit wéi "d'Schuel vun de Schuelen".

Ze fannen ass dee Bam an 23 verschiddenen Zorten, virun allem an zentralamerikanesche Länner wéi Costa Rica oder Panama. Awer och am Weste vu Südamerika wéi Bolivien, Kolumbien, Ecuador, Peru, Venezuela a Brasilien kann een de Chinaschuelebam dacks gesinn. Souguer am peruanesche Fändel ass dee Bam dran.

Viru laanger Zäit gouf schonn Tonic gedronk an den Anden. An dat net onbedéngt fir sech e gudde Cocktail ze mixen, mä éischter well dat ganzt och e medezineschen Hannergrond huet.

Déi Chinaschuel mécht, dass d'Féiwer erofgeet an ass gutt géint Malaria. Dat huet zwar, muss ee soen, deemools nach méi gegëllt wéi haut, well de Chininundeel dunn nach méi héich war.

Op den Tonic-Fläschen gesäit een och dacks dat Zeechen, dass schwanger Fraen keen Tonic dierfen drénken. Haut dierfen pro Liter Tonic-Waasser maximal 85mg. Chinin dra sinn. Well et Wéien fërdert, dierfe schwanger Fraen keen Tonic drénken.

War dann de Johann Jacob Schweppe deen éischten deen Tonic gemat huet? Do ginn d'Meenungen auserneen. Als bal sécher gëllt, dass d'Rezept, also d'Zesummesetzung op 2 franséisch Apdikter zréckgeet aus dem Joer 1820.

Et stëmmt awer, dass de bekannten däitschen Entreprener Johann Jacob Schweppe 1858 sech dat ganzt patentéiere gelooss huet. Zanter 1831 huet en dat britescht Kinnekshaus beliwwert, am léifsten de Chinin mat enger Limette a Mineralwaasser.

Dohier kënnt also déi grouss Gin-Kultur. D'Queen soll jo eegenen Aussoen no all Dag ee Glas Gin Tonic drénken. Haut ass et esou, dass et zum Beispill bei engem Gin Tonic net nëmmen ob dee richtegen Gin, mä dann och ob dee richtegen Tonic ukënnt. Do ginn d'Goute wäit auserneen...