"Hautdesdaags hänken déi Jonk just nach um Handy oder leie viru Computer oder Tele a spille Videospiller". Dat gëtt jo dacks gesot.

Mä ob dat wierklech esou ass an ob dat nëmmen fir déi Jonk gëllt, dat ass eng aner Saach.

Vum 24ten bis de 27ten Oktober ass zu Essen d' "Spiel 2019". Dat ass eng Foire, ob deenen déi nei Gesellschaftsspiller virgestallt ginn.

Wéi gesäit et mat der Spill-Leidenschaft hei am Land aus?


08/10/2019 Gesellschaftsspiller + Expo Spiel

Am Club spillen: dat ass zu Lëtzebuerg méiglech.

Zum Beispill an der Spillfabrik. De Jean-Claude, hire Vize-President erkläert wat, dat fir e Club ass.

08/10/2019 CUT Gesellschaftsspiller 2019 8h40 Spillfabrik

Dat ass  awer nëmmen ee Club, et gëtt och nach de Social Gaming Club. De President Jerome Decker erkläert, wat si maachen

08/10/2019 CUT Gesellschaftsspiller 2019 8h40 Social Gaming Club

Also genuch Geleeënheeten fir da Gesellschaftsspiller ze spillen. Do ginn et der awer och, déi sech regelméisseg nei Spiller kafen an déi och sammelen. Ee passionéierte Sammler vu Gesellschaftsspiller ass de Romain Halsdorf. Hie selwer huet iwwer 500 Gesellschaftsspiller an ass der Meenung, dass an Zukunft nach méi Leit op de Goût kommen fir nees Gesellschaftsspiller ze spillen.

Et muss eben och ënnerscheeden tëscht deenen traditionellen déi mer kennen an deenen aneren.

08/10/2019 Gesellschaftsspiller 2019 8h40 Typ Spiller

Ob also am Club oder privat: eng gëtt eng Szene vu Gesellschaftspiller zu Lëtzebuerg, déi ass immens lieweg a gëtt ëmmer méi grouss.

© spiel-messe.com

Nei Spill-Ideen kritt een op der "Spiel 2019"

Ronn 1200 Exposanten an am ganzen 1500 Spill-Nouveautéiten, dat sinn nëmmen e puer Zuelen iwwer d'Spiel 2019.

Enn Oktober ass nees déi gréissten Briet- a Kaartespillfoire zu Essen. 190 000 Leit waren dat lescht Joer op der "Spiel" zu Essen. Donneschdes, de 24. Oktober geet et lass.

En  tradtionelle Rendezvous ass dat mëttlerweil fir alleguerten déi spillbegeeschtert, dat seet d'Dominik Metzler vun der Spiel 2019.

08/10/2019 Gesellschaftsspiller 2019 8h40 Spiel 1

 
Also och nei Spiller ginn et do ze entdecken.

Vill nei Spiller ginn et do ze entdecken net nëmmen! Well och déi traditionell hunn do hir Plaz, dat kann een awer net wierklech mat fréier vergläichen. Haut sinn se esou modern dass se mat enger App verbonne sinn an där beispillsweis och d'Regelen erkläert sinn.

08/10/2019 Gesellschaftsspiller 2019 8h40 Spiel 2

Virun allem Leit tëscht 25 an 30 Joer hätten d'Brietspiller nees entdeckt, well se bewosst en Ausgläich sichen zur ganzer Elektronik, déi wëllen sech da bei de Spiller och e bëssen ustrengen.

Déi Foire war awer net ëmmer sou grouss wéi se haut ass

08/10/2019 Gesellschaftsspiller 2019 8h40 Spiel 3

D'Spiel 2019, vun donneschdes, de 24. Oktober un zu Essen. Bis Sonndes kann een do déi verschidde Spiller entdecken.