Wann Dir dëse Summer op enger Plage an der Vakanz waart, da kléngt dat, wat elo kënnt, wahrscheinlech komesch. Mä: Sand gëtt ëmmer méi knapp, an a ville Regioune gëtt de Sand illegal ofgedroen. Hollännesch Wëssenschaftler schaffen elo un enger Method, fir eraus ze fannen, wou de Sand, deen herno ënnert anerem am Bau verschafft kënnt, hir kënnt.

08/10/2019 Wouhier kënnt de Sand?

Eigentlech sicht d'Equipe ronderëm d'Professer Saskia van Ruth an der Organisatioun déi sech ëm Liewensmëttelsécherheet zu Wageningen an Holland këmmert, no enger Manéier, fir Fälschungen bei Liewensmëttel oder net deklaréiert Ingredienten ze fannen. Si hu sech op eng Technik spezialiséiert, déi an Irland entwéckelt ginn ass, an déi d'Zesummesetzung vu Liewensmëttel un Hand vun hirem Klang erkenne kann.

D'Iddi hannendrun ass, datt de Klang, wann ee mat engem Läffel widder eng Taass mat Waasser klappt, sech ännert, wa sech do eppes dran opléist.

An engem Webinar vum Bards Research Institute vun der irescher Uni zu Cork erkläert ee Wëssenschaftler wat geschitt. Fir d'éischt gëtt an engem Glas Waasser geréiert, da gëtt ee Pudder dobäi geschott, dee sech am Waasser opléisst. An do héiert een dann, wéi séier den Toun sech verännert, wat de Pudder sech ëmmer méi opléist.

De Grond dovun, ass, datt am Pudder Gas agespaart ass, dat beim Opléise fräigesat gëtt. An dat fräisetzen ännert fir eng Kuerz Zäit déi physikalesch Eegenschafte vun der Léisung. Déi Method heescht akustesch Spektroskopie, a gëtt deemno genotzt, fir d'Zesummesetzung fir Liewensmëttel ze kontrolléieren

D'Wëssenschaftler zu Wageningen sinn elo méi wäit gaangen, an hunn dat mat Sand ausprobéiert.

Wann ee Sand an d'Waasser mécht, léist dee sech net op, well e jo aus dem Mier kënnt, a sech do schonn alles opgeléist huet, wat dra war. Bis op d'Muschelschuelen an anert fossilt Material, dat een och nach am Sand fënnt. An déi léise sech op, wann een de Sand mat Saier behandelt. Do entsteet da Kuelendioxid, an dee kann ee moossen.

D'Team ronderëm d'Saskia van Ruth huet op néng verschiddene Plazen op der hollännescher Côte Sand agesammelt, an deen analyséiert. Dobäi hu si festgestallt, datt de Sand aus dem Norde vun Holland bei der akustescher Spektroskopie keen Ënnerscheed am Klang beim Behandele mat Saier weist, wärend den Toun aus dem Süden ännert. Dat läit dorun, datt am Norden vill manner Schuele vu Muschelen dra sinn, ewéi am Süden. Esou ass an deem Test ee Profil vun den néng Plagen entstanen wou de Sand hierkomm ass, a mat hirer Method konnten se allen néng identifizéiert ginn.

Fir déi Method weider ze entwéckelen, gëtt elo an engem zweete Projet Sand aus Australien an Hawaii ënnersicht. Op Dauer kann esou eng Kaart opgestallt ginn, mat där sech d'Origine vum Sand iwwerall op der Welt moosse léisst.