D'Täter vu Gewalt am Stot gi net genuch bestrooft. Dat seet d'Direktesch vun der ASBL "Femmes en détresse" d'Andrée Birnbaum, si war eis Invitée de Mëtteg an der Emissioun "Am Gespréich". D'ASBL feiert dëst Joer 40 Joer. 40 Joer an deenen si den Affer ënnert d'Ärem gräift an hinnen een Encadrement an de schwéieren Zäiten offréiert. Ma zu Lëtzebuerg misst sech eppes um juristesche Plang dunn, fir d'Täter méi konsequent zur Rechenschaft ze zéien.

08/10/2019 Best Of- Am Gespréich : Andrée Birnbaum 19h45 -gautier-