Wann d'Fro gestallt gëtt, wien dann Amerika entdeckt huet, kënnt meeschtens deen heite Numm op d'Tapéit: Christoph Columbus. Dat war 1492. Ma scho bal 500 Joer virdru waren aner Europäer op de Kontinent gestouss. Haut éieren d'Amerikaner de Leif Eriksson.

09/10/2019 Eng 100 Sekonne Geschicht: Leif Eriksson Dag

Deen ass ëm d'Joer 1000 mat engem Draacheboot un der nordamerikanescher Küst ukomm. De Mann war e Wikinger, wat d'Form vu sengem Schëff erklären dierft. De Leif kënnt 975 an Island op d'Welt a stierft ronn 20 Joer no senger Entdeckung, sou ëm 1020. Säi Spëtznumm war "de Glécklechen". Gléck huet och bestëmmt deemools dozou gehéiert wéi de Wikinger mat sengem Schëffchen an den äisege Weltmierer ënnerwee war. De Vinland-Seechen no ass de Leif Eriksson ëm d'Joer 1000 vu Grönland an Norwegen gefuer, net mam Auto versteet sech, fir do um Kinnekshaff opgeholl ze ginn. Dat hat mol geklappt a sou huet sech de Wikinger erëm op de Wee Heem gemaach. Do muss sech eisen Held awer e bësse verrannt hu well hien op en onbekannte Land gestouss ass. Op enger weiderer Rees an d'Géigend vun deem nei entdeckte Land, huet de Leif Eriksson nach aner Gebidder vun der nordamerikanescher Küst erfuerscht. Eng aner Geschicht bréngt nach e gewëssene Bjarni Herjolfsson op de Plang, deen hätt dat Land scho virum Eriksson entdeckt wéi deen op der Sich no Grönland war. Den Eriksson wier dat du gewuer ginn, hätt sech op de Wee dohinner gemaach an do iwwerwantert. Dowéinst wär de Leif Eriksson den Entdecker. A firwat den 9. Oktober? Deen Datum gouf 1964 festgehale well 1, den 9. Oktober 1825 déi éischt norwegesch Immigranten zu New York ukomm sinn an 2. den Deputéierten John Blatnik 1963 gefrot huet fir de Leif-Eriksson-Day gesetzlech festzehalen.