Wann der a leschter Zäit iwwert de Kierchbierg gefuer sidd, dann hutt der iech villäicht scho gewonnert, firwat dass iwwerall Trottinette ronderëm stinn. Zanter gëschter d'Firma "Bird" därer Elektro-Trottinetten opgestallt an de Raoul Roos war se fir eis testen.

09/10/2019 Bird Test 17h15

Fir d'éischt muss een eng App eroflueden. Op där gesäit een dann op enger Kaart, wou di verschidden Trottinetten um Kierchbierg stinn.

Um RP Schumann hunn de Philippe Dondelinger vun der Tëlee an ech dann de Moien gekuckt wéi eng fräi wieren.

Du gouf e QR-Code gescannt. Duerno hu mer missen auswielen op mer wëllen 10, 20 oder 50 Euro op eise Kont lueden oder pro Fahrt bezuelen. Mir hunn eis dofir decidéiert pro Fahrt ze bezuelen a kruten dunn och d'Präisser ugewisen.

Nodeems ech meng Bankdonnéeën aginn hunn, krute mer nach ugewisen dass mer sollten een Helm undoen, mer net dierfen um Trottoir fueren a sollen de Vëloswee benotzen. Dann nach wou e Gas gëtt a bremst an duerno konnt et du lass goen.

Ech stoung virdrun nach ni op enger elektrescher Trottinette, sinn awer direkt eens ginn.

11 Minutten war ech am ganzen ënnerwee an hunn dofir missen 4,85 Euro bezuelen. Mäi Fazit ass deen, dass et relativ einfach gaang ass fir sech unzemellen an duerno seng Trottinette ze huelen.

Wat ech allerdéngs net esou schéin fannen: op ville Plazen stinn elo därer Trottinette ronderëm. Schéin ass dat net, esou wéi dat och a villen anere Stied de Fall ass. An ob grad den Hierscht déi beschte Joreszäit ass fir eng éischte Kéier op esou enger Trottinette ze fueren, ass eng aner Saach.