Jidderee vun eis hat bestëmmt schonn mol eng al Schongkëscht oder eng Zigarekëscht vun der Boma an dem Bopa am Grapp, mat ale verstëbste Biller a Schrëftstécker. Do hutt der Iech bestëmmt schonn mol d'Fro gestallt, wie sinn déi Leit, wéi sinn déi Famill mat mir, a wat hunn se an hirem Liewe gemaach, Michèle?

17/10/2019 Dag vun der Genealogie

Dann erënnert een sech u laang Wanterowender wou d'Grousselteren engem Geschichten aus der Kandheet an iwwert déi Fotoen erzielt hunn. Dammen déi streng ausgesinn, mat groussen Hitt a schwéiere Räck. Männer mat groussem Zylinder an Zwirbelbaart... Steif stoungen se virun enger riseger Blummevase an hunn eis ugekuckt, Dat ware Geschichten aus enger anerer Welt. Wann een esou e Schatz erëmfënnt, da gëtt meeschtens och den Interessi un der eegener Vergaangenheet wakereg. An da stellt een op eemol fest, dass vill Geschichte verschwomme sinn, an den Zesummenhang feelt. Elo ass den Detektiv an eis gefrot: Wéi fänken ech u Liicht an d'Däischtert vu menge Virfaren ze bréngen, a virun allem, wou fänken ech un? Spéitstens hei fänkt en Hobby un, wat een e Liewe laang begleede wäert.
Dëse Sonndeg ass déi 14. Journée Nationale de Genealogie zu Walfer, wou een d'Méiglechkeet huet fir Ahnefuerschung ze maachen. Am beschte mécht een sech e puer Notize mat den Nimm vu Grousselteren an Urgrousselteren. Dono kann een duerch d'Zäit reesen. Hei sinn net nëmme Luxracine mat hiren Databasen op der Platz, ma och aus der Groussregioun. Um Programm stinn och eng Partie Konferenzen an op der Platz sinn Associatiounen déi iech mat Rot an Dot zur Säit stinn, wann der op der Sich no äre Virfahre sidd. De Rendez-Vous fir d'Journée nationale de Genealogie ass dëse Sonndeg ab 10 Auer zu Walfer am Centre Prince Henri.