Sou heescht d'Kannerbuch vum Paul McCartney! Jo genee, dee Paul McCartney, deen een als legendäre Beatles-Member kenne geléiert huet. En ass ënnert d'Kanner-Schrëftsteller gaangen an huet elo dëst flott faarwegt Buch erausginn an dat a Lëtzebuerger Sprooch. D'Marie Gales huet et gelies.

18/10/2019 De magesche Kompass

Hey Grandude! heescht et am Original an et ass net dat éischt Buch, dat den englesche Museker erausginn huet, mä dat éischte Kannerbuch fir ze liesen an et virgelies ze kréien. De Paul McCartney huet selwer eng 8 Enkelen a gëtt vun hinne Grandude genannt. Dëst huet dunn zum Titel vu sengem Kannerbuch gefouert.
D'Myriam Welschbillig huet et op Lëtzebuergesch iwwersat a war och méi wéi houfreg dëst dierfen a kënnen ze maachen. Ma Kannerbicher an eng aner Sprooch ze bréngen ass dach en Challenge seet déi Lëtzebuerger Iwwersetzerin.
Fir déi wonnerschéi Biller am Buch ass d'Kathryn Durst aus Kanada zoustänneg.

De Paul McCartney selwer sot: „Ech wollt e Buch schreiwen, fir datt d’Grousselteren iwwerall op der Welt eng Geschicht hunn, fir hiren Enkelkanner virzeliesen.“
An elo dat Bescht: 3 Bicher verspille mir bei RTL. Gitt dofir op den rtl.lu, do kënnt Dir matspillen a sou dem Paul McCartney säin 1. Kannerbuch op Lëtzebuergesch 'De magesche Kompass'' gewannen.