Den 18. Oktober ass e mouvementéierten Dag an der Karriär vum Chuck Berry. De Pionéier vum Rock 'n' Roll huet op deem Dag net nëmme Gebuertsdag.

18/10/2019 Eng 100 Sekonne Geschicht: Chuck Berry

Mat deem Datum kann een awer mol ufänken, den 18. Oktober 1926 kënnt hien als Charles Edward Anderson Berry zu St. Louis op d'Welt. Exakt 21 Joer méi spéit, den 18. Oktober 1947, mécht de Pappa Staat him fir säin 21. Gebuertsdag e ganz spezielle Cadeau, hie gëtt deemools no 3 Joer aus dem Prisong vun Aloga entlooss. Do souz hien, well en un engem Iwwerfall bedeelegt war.

An den 18. Oktober 1963 gëtt den Chuck nees eng Kéier op sengem Gebuertsdag aus dem Prisong entlooss, déi Kéier souz hie fir annerhalleft Joer am Federal Medical Centre zu Springfield am Missouri, well e sech mat mannerjärege Meedercher ameséiert hat. Hien notz awer d'Zäit am Prisong fir säin High School-Ofschloss nozehuelen an e puer Lidder ze schreiwen, ënner anerem „No Particular Place To Go“, „Nadine“, „Tulane“, „You Never Can Tell“ a „Promised Land“. 1985 gouf en an d'Blues Hall Of Fame opgeholl, e Joer méi spéit war him och seng Plaz an der 'Rock'n'Roll Hall Of Fame' sécher. Den Chuck Berry ass Virbild fir vill Museker, kann awer och Museker nennen, déi hien inspiréiert hunn, zum Beispill de Nat King Cole, de Louis Jordan an de Muddy Waters

Net nëmmen d'Beatmusek bréngt ee mat Berry a Verbindung, och den Duckwalk huet en erfonnt, e Show-Element op der Bühn bei deem de Museker wéi eng Int hin- an hier danzt. Seng éischt elektresch Gittar huet de Museker kaf wéi en als Portier bei engem Radiosender geschafft huet, kuerz drop leet den Chuck sech och eng Bandmaschinn zou fir seng Musek opzehuelen. Am Joer 1952 hat en dunn éischt Optrëtter a verschiddene Caféen, zu där Zäit ass hie praktesch deen Eenzegen deen d'Gittar als Haaptinstrument an der Rockmusek agefouert huet. Säi wuel berühmtsten Intro mat Gittar iwwerhaapt ass dee vun 'Johnny B. Goode'.

Den Chuck Berry stierft den 18. Mäerz 2017 am Alter vun 90 Joer, hie wier haut 93 Joer al ginn.