D'Buch ass dout, hautdesdaags liest dach kee Mënsch méi... Alles Viruerteeler déi sech ganz séier widderleeë loossen, wann een op Frankfurt kuckt. Zënter e Mëttwoch treffen sech do nees d'Profien aus der Buch-Branche op der Frankfurter Buchmesse. D'Bea Kneip war fir eis dohinner virwëtzen.

18/10/2019 E Besuch op der Frankfurter Buchmesse

Wéi d'Mued am Speck, sou fillt een sech dëser Deeg als Bicherwuerm zu Frankfurt. Déi nobäi 300000 Visiteuren kréien op iwwer 7000 Stänn eng 4000 verschidden Evenementer gebueden. Dobäi ass et scho laang net méi nëmmen dat klassescht Buch dat am Mëttelpunkt steet. Dat ass natierlech net vergiess, et fënnt een eng Abberzuel vun Titelen aus alles Häre Länner, vun Kannerbicher bis Belletristik, vu Sachbuch bis Antiquariat. Dernieft gëtt awer och ëmmer méi Wäert op aner Formater geluecht, wéi zum Beispill op Audiobicher. An et sollt een sech net wonneren, wann engem ganz onverhofft den Darth Vader oder eng Anime-Figur a Liewesgréisst iwwert de Wee leeft.Frankfurt Cosplay ass een vun den Highlights. Een aneren ass d'Gourmet-Gallery, well och Kachbicher si Bicher!
A Saache Literatur ass et d'Ried vum Gewënner vum Däitsche Buchpräis, Saša Stanišić, déi vill diskutéiert gëtt. De Schrëftsteller, den 1978 a Bosnien gebuer gouf. Als Kand vun enger bosnescher Mamm an engem serbesche Papp war hie schockéiert, dass de Peter Handke, dee jo kee Geheimnis aus senge Sympathien fir de Milošević-Regime gemaach huet, de Literatur-Nobelpräis zouerkannt krut. 

Deenen anere 50% vum Nobelpräis, nämlech der polnescher Schrëftstellerin Olga Tokarczuk, huet hien awer häerzlech felicitéiert. Villäicht souguer perséinlech, well d'Madame Tokarczuk war och op Frankfurt komm.
Grad esou wéi den norwegesche Krimi-Auteur Jo Nesbø. Dat ass keen Zoufall, well Norwegen ass dëst Joer Eieregaascht op der Buchmesse. Souguer d'Krounprinzessin Mette-Marit war jo mam Literaturzuch op Frankfurt gereest, an um éischte Stack vum Frankfurter Forum fënnt een alles vun Henrik Ibsen bis Nordic Noir. Méi iwwert d'Gaaschtland Norwegen an och dat vum nächste Joer gëtt et muer Samschden géint 09h15.

E Samschden an e Sonnden ass d'Frankfurter Buchmesse fir de grousse Public op. Wann der plangt dohinner ze goen, da kënnt Dir Iech och um Site vun der Frankfurter Buchmesse e Bild maachen, wat alles gebuede gëtt. De Link dohinner fannt Dir op rtl.lu.

Fotoen: d'Nobelpräislaureatin Olga Tokarczuk an de Gewënner vum däitsche Buchpräis 2019, Saša Stanišić, am Gespréich mat der Luzia Braun

© Bea Kneip

© Bea Kneip