Den Image vum Recycling, respektiv vun de recycléierte Produiten, war net immens gutt. Dat huet geännert; d'Leit wëlle recycléiert Material an hire Saachen an d'Branche freet sech natierlech doriwwer. Op der K zu Düsseldorf, eng Foire ronderëm Konschtstoff, gëtt nach bis e Mëttwoch d'Zukunft vum Recycling virgestallt.

21/10/2019 K wéi Düsseldorf: Recycling gëtt Vollgas

Verschidden Aussteller weisen hir Maschinnen an Iddie fir aus alem Konschtstoff nei Produkter entstoen ze loossen. D'Firma Erema aus Éisträich mécht aus Netzer fir ze fësche Frisbeeën. De Michael Heitzinger freet sech iwwert de Succès vun senger Firma an ass frou datt an Zukunft och recycléierte Konschtstoff fir Gedrénksfläschen an den Asaz kommen dierf.

Dat ass eng zimlech Evolutioun. Deen ass vun engem Wandel vum Bewosstsinn an der Industrie begleet a begeeschtert de Chef.

Dat war jorelaang e schwéiere Kampf, well den Image vum Plastik deen erëm verschafft gëtt, war schlecht. Wat ass dann wann den Hiersteller net dat hält wat e versprécht? Wat de Verbraucher net weess, intresséiert en och net; dat war ganz laang de Motto.

Europa ass ganz kloer den Hotspot vum Recycling; hei ass den Haaptmarchée fir déi déi d'Maschinne bauen an hei ginn d'Trends an d'Theme vun der Industrie gesat, deels duerch déi streng Gesetzer. Mä och aner Regiounen huelen op. Lues awer sécher gëtt Recycling e weltwäit Geschäft.

An als nächst hunn d'Recycler e ganze Kontinent am Bléck. An Afrika si wéinst dem Klima d'Nahrungsmëttel op onzerstéierbar Verpackungen ugewisen. Fir d'Firme geet do e grousse Maart op.