Den amerikanesche Konzern SpaceX plangt de leschten Eckelche vun der Äerd mat Internet ze versuergen. D'Firma vum Elon Musk wëll dofir d'Zuel vun de Satellitten massiv an d'Luucht schrauwen, zum Ierger vun den Astronomen, Marie Gales.

18/10/2019 42.000 Satellitte méi um Himmel

Et sinn direkt e puer Konzerner,  déi dës Iddi mat den Satellitten an dem Internet hunn, mä d'Entreprise vum Musk gesäit nees vill grouss. Ufanks war vu 12.000 Riets gaangen, ma elo wieren et 30.000 Satellitte méi, also elo 42.000.

Dat wiere da 5 Mol sou vill Objeten am All wéi d'Mënschheet bis an den All geschoss huet. Aktuell a Betrib sinn enger Statistik vun der Union of Concerned Scientists eng 2.062 Satellitten.

Ee vun den Astronomen, dee sech iergert ass de Heino Falcke, en däitsche Radioastronom, deen ee vun de wichtege Käpp hannert dem 1. Bild vum Schwaarze Lach ass. Him geet et elo manner ëm déi wëssenschaftlech wéi ëm déi ästhetesch Suite vum SpaceX-Projet. Duerch d'Liichtverschmotzung géife mir den Himmel an de Stied schonns net méi gesinn, dat wier et op mannst schéin den Himmel a fräier Natur ze kucken. Mä dat géifen dann déi Mega-Konstellatiounen onméiglech maachen. Well d'Firma vum Elon Musk wier net déi eenzeg mat sou engem Projet, do wieren och nach OneWeb oder Amazon, déi eege Satellitteflotte fir den Internet aus dem All a Preparatioun hätten.

Mat enger Rechnung versicht den Falcke de Problem ze verdäitlechen; de ganzen Himmel géif sech a 40.000 kleng Flächen ënnerdeelen, all e Quadratgrad grouss. A sou ee passt de Mound 4 Mol dran. Bei eleng méi wéi 40.000 SpaceX-Satellitte wier also an all deene klengen Himmelsberäicher e potentiellen neie Stär ënnerwee.
An enger Summernuecht kéint een aktuell eng 450 Stären um Himmel kucken. Och wann dës Satellitte vun eis aus net ëmmer ze gesi sinn , mä wa just e Brochdeel vun engem Starlink-Satellit d'Sonneliicht reflektéiere géif, géif dëst d'Bild vum Himmel an der Nuecht ganz verännert ginn.

Och déi international Astronomesch Union weist sech besuergt iwwert sou Mega-Konstellatiounen. Zemools d'Amateurastronome wiere schlecht drun, well si da just nach Fotoe vum Himmel maache kënnen, déi duerch d'Sträife vun Satellitten entstallt ginn, seet d'Vereinigung der Sternenfreunde. Dozou géif nach kommen, dass déi Internetsatelliite vu Space X, déi am Mee an den All geschoss goufen, net richteg ze steiere waren an alt nees Weltraumschrott dobäi koum an domadder de Risiko fir d'Kollisioune mat anere Fluchobjeten do uewe méi grouss gouf. Ufanks September konnt duerch e séiert Agräife vum Europäesche Satellitekontrollzenter zu Darmstadt verhënnert ginn, dass e  Starlink-Satellitt an den Esa-Observatorium "Aeolus" zesumme geknuppt sinn.

Dat wäert jo flott ginn do uewen, net dass am Weltall nach méi Gefierer ënnerwee si wéi op eise Stroossen an d'Satellitten och am Stau stinn!