Stellt Iech mol e klenge Moment vir, dass d'Leit ronderëm Iech, Är Famill, Frënn, oder Partner Är sämtlech Commentairen, déi Der am Kapp hutt, an Äre ganze Gedanke-Kino mat kréichen - ups gell? Net cool! 
Den Jamie Catto, Grënnungsmember vun der 90er Mega-Grupp Faithless a Produzent vum globale Musek- a Philosophie-Film "1 Giant Leap", hält mëttlerweil weltwäit Workshoppen, baséiert op sengen eegenen Experienzen an Techniken, déi de Leit hëllefe solle fir hiren echte Potenzial erëmzefannen a Blockaden a Barrièren op eng ganz spilleresch Manéier z'iwwerwannen. D'Michèle Schons war leschte Sonndeg bei sengem Workshop hei zu Lëtzebuerg derbäi...

23/10/2019 Jamie Catto

Ganz schnuckeleg war d'Atmosphär moies um 10 zu Béiweng am Centre Culturel, Teppecher louchen um Buedem. Lues Musek am Hannergrond. Ronn 25 Mënschen, Männer a Fraen, vun all Alter an Nationalitéit hunn sech um Buedem niddergelooss, a ware gespaant op dat wat kënnt... Den Jamie huet e bëssen erkläert wéi de Mënsch tickt a mat liichte Froen ugefaangen... "Wie vun iech ass dann an engem Haus opgewuess, wou zum Beispill Roserei toleréiert war? Bestëmmt keen, oder? Dobäi ass Roserei en natierlechen an essentiellen Deel vun eisen Emotiounen. Meeschtens wa mer rose goufe krute mer op d'Fanger geklappt..." -"Wéi kanns de nëmmen esou mat denger Mamm schwätzen? Dat ass inakzeptabel!" An esou Momenter léiere mer eis Emotiounen z'ënnerdrécken amplaz auszedrécken a mat der Zäit stauen déi Gefiller sech wéi bei engem Vulkan, deen da bei där klengster Beréierung explodéiert... Den Jamie Catto selwer huet Jorelaang mat Panikattacke gekämpft, an ass doduerch op de Wee vun der Transformatioun geroden:

-"Ech hu missten deemools kucke fir mer hëllefen ze loossen, fir Otem-Techniken ze léieren, mech ze berouegen. Op deene Plaze wou's de déi Technike léiers, léiers de och nach aner interessant Philosophien a Perspektive kennen, well wann s de ëmmer antriichters, du wäers Affer, mécht dat nach méi Angscht. Et ass besser sech mat sengem onbewosste Programm unzefrënnen. An et ass faszinant, dass op dengem Wee vun der Selbstheelung op eemol nei Dieren opginn. Ech hu mer dat erausgeholl wat fir mech stëmmeg ass, an domat mäin eegene Programm opgebaut. Wann s de kucks, all groussen Artist, oder Kënschtler, erschaaft eppes duerch säin eegent Leed, säin eegene Schiet, de Prozess vun sengem intensive Liewen, wat herno jiddereen um Album lauschtert oder am Film gesäit. Genee dat selwecht maachen ech och mat mengem Buch, oder mat mengem Workshop, et ass eng Expressioun vu mir selwer, eng Analyse vun all mengen Ecken a Kanten, fir méi friddlech, kreativ an hëllefsbereet ze ginn, amplaz e Panik-Zombie."    

Zwou Stonne méi spéit war eis net nëmme kloer, dass mer eis Dag fir Dag selwer sabotéieren a Steng an de Wee leeën, ma mir hunn och nach Bekanntschaft gemaach mat den 10 Afen déi mer am Kapp hunn, an déi allzäit den Toun kënnen iwwerhuelen: Dorënner ënnert anerem de paranoide Pessimist, den interne Kritiker, de strategesche Kontrollfreak, de rachsüchtege Mäerder, dat naiivt Kand, den iwwerleeëne Besserwësser, oder de Märtyrer dee retten a gefale wëllt.  

-"Am Workshop raume mer op mat der ganzer Onéierlechkeet eis selwer géigeniwwer, de Masken vun: "mir geet et gutt!" oder "ech sinn e Gewënner". Do gëtt et eng ganz Lëscht vu gefleegte Broschüren déi mer der Welt weisen, an dat ass e massiven Abroch an d'Kreativitéit, mir verbidden eis Verletzlech ze sinn, Feeler ze maachen, verschléissen eis virun Neiem oder Intimitéit, a mir sinn esou süchteg drop an där Komfortzone ze bleiwen... Op all déi Saache kucke mer mat vill Humor, Komedie a Spiller, a klammen aus dem klengkaréierten Denkmuster eraus, aus der klenger Baach maache mer e Floss, op eng ganz agreabel Manéier."

Seng Albumen, Filmer a säi Buch "Insanely gifted" ass fir den Jamie Catto och eng Methode fir de Leit ze hëllefen an eng aner Manéier fir de Message an déi gutt Medezin eriwwer ze bréngen och wann en net weess wien alles nolauschtert oder keeft. Säi But ass et déi Saache virunzemaachen déi e gären mécht, säin Häerzblutt dranzestiechen a sech mat Mënschen ze verbannen.     

-"Ech maachen einfach déi Spiller an déi Workshoppe schrecklech gären, an och wann d'Leit genial Transformatiounen do erliewen, huelen ech de Kredit net op mech. Wann eng Séil deen Dag op där Plaz ass, sief et fir um Wee weiderzekommen, eppes lass ze loossen, an dat duerch mäi Workshop war, ass dat genial, ma wann et déi nächst Woch an engem anere Workshop ass, och genial, wann se et guer net maache, geet et mech näischt un. Ech si just wéi e Kach, dee probéiert säi beschte Plat ze kachen an ze zerwéieren, an deen ass fir jiddereen disponibel. Et ass natierlech cool dass positiv Verännerunge geschéien, mee wéi séier a wéi déif d'Leit sech sollen änneren, ass net mäi Business, ech zerwéiere just mäi beschte Kascht."   

Dem Jamie Catto säi Motto ass et den Hip vun der Selbstreflexioun esou attraktiv wéi méiglech ze maachen. Dee Moment wou mer kollektiv eis eege Schietsäiten a Macken akzeptéieren, kënne mer anescht dermat ëmgoen, se komplett anescht a positiv notzen, amplaz eis selwer an eis Matmënschen ze bekämpfen.

Dem Jamie Catto säin neiste Film heescht iwwregens "Becoming Nobody", en Documentaire iwwert de Ram Dass, ee vun de buedemstännegsten an humorvollste spirituelle Guiden iwwerhaapt. Weider Infoen iwwert dem Jamie seng Wierker fannt der op senger Homepage: