Ouni Salz wier eist Iessen nawell fad, dofir eng Prise Salz an et schmaacht besser. Salz ass och wichteg fir eise Kierper an et kann ee roueg soen: Ouni Salz, kee Liewen. D'Marie Gales gouf nach weider Interessantes vun der Diététicienne Danielle Bernard gewuer.

29/10/2019 Nährstoffer: Salz (richteg)

Salz setzt sech zesummen aus Natrium a Chlorid an et ass den Natrium, dee wichteg fir eist Fonktionnéieren ass an domadder zu den Elekrolyte an eisem Kierper zielt. D'Salz spillt och eng Roll an eisem Saier-Basen-Haushalt.
Ma op d'Dosis kënnt et un. Awer et kann och mol zu engem Natriummangel kommen, zum Beispill bei engem Extremsportler.
Do gëtt et engem dronken, et iwwergëtt et sech well et engem iwwel ass, Krämp bis Häerz-Rhythmus-Stéierungen bis an de Koma falen, kënne  d'Symptomer sinn. Dofir gëtt décke Sportler geroden 1 Gramm Salz pro Liter Waasser bäi ze ginn. Natierlech ginn et och Problemer, wann een ze vill Salz zou sech hëlt, wéi ze héije Bluttdrock.

Salz fënnt een a villem wat mir iessen, och an der Ham oder Kéis, wéi de Roquefort huet vill Salz.

Verhale sollt ee sech: Manner wéi 2 Milligramm Salz op 100 Gramm sollen et sinn! Wat manner, wat besser! Virun allem wat d'Liewensmëttel méi verschafft sinn. Ëmmer dat Klenggedréckte liesen, och op der Verpakung vum Iessen!