Haut huelen mir d'Spuerenelement Jod ënnert d'Lup, dat just a klenger Dosis gebraucht gëtt, mä eng riseg Wierkung huet. D'Marie Gales huet mat der Diététicienne Danielle Bernard geschwat.

10/12/2019 Nährstoffer:Jod

Virun allem op Algen gräifen d'Veganer an d'Vegetarier zréck. Ma do gutt opgepasst, an verschiddene Algen ass immens vill Jod dran an da kéint et zu enger Iwwerdosis kommen. A mir brauche jo just immens wéineg Jod. Dofir am beschte vum Dokter ofkläre loossen wéi et mam Jod an ärem Bludd ass.