Jumtata, Trallala, Viva Colonia an e Kölsch. De Moien brauch ee sech net ze wonnere wann een zu Köln an der S-Bahn nieft engem Cowboy, engem Indianer, engem Äisbier oder engem Power Ranger sëtzt. Haut ass den 11. November an domat fänkt déi 5. Joreszäit un, Bob Konsbruck.

11/11/2019 Eng 100 Sekonne Geschicht: 11.11

Net nëmme Köln ass haut schonn am Ausnamezoustand, och zu Oochen, Bonn, Duisburg, Euskirchen, Düsseldorf, Mainz an ënner anerem och Tréier sinn d'Jecken haut lass. Wéi all Joer gëtt et och 2019 e Motto; deen zu Köln heescht "Et Hätzt schleihzt em Veedel" an heescht "D'Häerz schléit am Véierel". E Veedel ass näischt aneres wéi e Quartier. Domat wëll d'Stad ënnersträichen datt net nëmmen an der Alstad an um Heumarkt de Karneval gefeiert gëtt. De Kär vun de Festivitéiten ass awer eben an der Alstad an um Heumarkt an Altermarkt, hei heescht de Moie mat Zäiten do ze si well sech do traditionell vill Leit erwaart ginn. Am Tanzbrunnen ass haut dann och scho richteg eng lass; de ganzen Dag triede bekannte Gruppe vu Köln op; Black Fööss, Brings, Cat Ballou, Höhner a Querbeat fir nëmmen déi ze nennen. Déi kleng Jecke kréien am Tanzbrunnen e Karussell an e Sprangschlass opgeriicht. Aneren Hotspot ass d'Zülpicher Strasse; wéinst der Uni direkt an der Géigend sinn do haut virun allem jonk Erwuessen a Jugendlecher ënnerwee. An och am Süde vun der Stad ronderëm de Chlodwigplatz gëtt haut gefeiert a gedanzt, do awer éischter méi traditionell. Wien nach spontan op Köln reese wëllt fir déi 5. Joreszäit anzelauden, brauch sech net ëm Ticketen ze këmmeren, nëmmen am Tanzbrunnen brauch een e Billjee. Donieft soll ee mam ëffentlechen Transport fueren a Géigestänn wéi Rucksäck, Bollerween a Fläschen aus Glas doheem loossen.