Fuerscher hunn elo de perfekten Popsong berechent. Dofir hu si 700 Popsongs tëschent 1958 am 1991 analyséiert, déi et an d'US-Charts gepackt hunn. A wéi se dat gemaach hunn a wisou se dat gemaach hunn, dat weess d'Fabienne elo.

13/11/2019 de perfekte popsong

Ob-La-Di - Ob-La-Da vun de Beatles ass den Experten no, de perfekte Popsong. Dobäi waren den Prof. Dr. Stefan Kölsch a seng Fuerscherkollegen mol guer net op der Sich nom perfekte Song. Et ass hinnen éischter drëm gaangen, erauszefannen, wéi d'Akkorden hannerteneen musse kommen, fir dass mir eng Melodie an en Lidd als angenehm empfannen. Also fir dass mir en Glécksgefill empfannen, wann mir d'Lidd lauschteren.
Fir dass mir e Lidd als angenehm empfannen, mussen mir bei der Reiefolleg vun den Akkorden een Ament iwwerrascht sinn. Also wann mir d'Lidd fir déi éischte Kéier lauschteren, dierfe mir net direkt wëssen, wéi d'Melodie vum Lidd scho weider geet.  Wat e Lidd, méi onberechenbar ass, wat mir et besser fannen.
A fir dass d'Leit jo net schonn d'Lidd vun Ufank u kannt hunn, huet de Computer hinnen Lidd esou onverkennbar gemaach, fir dass d'Akkorden zwar nach déi selwecht waren, mee ee keng Ahnung hat, wat do grad gespillt gëtt. An et misst ee just soen, ob engem dat grad gefall huet oder net.
Op Plaz zwee no de Beatles ass "Genesis - Invisible Touch" gelant an hannendrun d'Jackson 5 mat "I want you back".