E Klang deen een am Hierscht dacks héiert ass deen, wann de Laf ewech geblosen gëtt. Déi Maschinnen déi d'Blieder ewech blosen oder suckelen fir se dann ze häckselen.

Ofgesi vum Kaméidi huet dat och negativ Konsequenzen op d'Déierewelt. De Raoul Roos huet bei "Natur an Ëmwelt" nogefrot.

18/11/2019 Hierscht Blieder ewech man 08h40

Esou Maschinne sinn net gutt fir D'Déiercher déi aktuell nach liewen, esou d'Elisabeth Kirsch vun Natur an Ëmwelt. Déi de Laf opsuckelen wieren am schlëmmsten.

Ofgesinn dovunner ass de Kaméidi ee weidere Problem. D'Blieder ewech maachen ass keng Mussesaach. Blieder leie loossen oder se op ee Koup leeën ass also eng Alternativ. Da gëtt et virun allem och kee Sträit mam Noper...