E Sonndeg wäert de Jemp Schuster zu Walfer, am groussen Zelt, direkt nieft dem Centre Culturel Prince Henri déi 24t Editioun vun der RTL Dictée alauden. Fir waarm ze ginn, huet en och elo nees e klenge Saz preparéiert, deen der eis mat engem SMS op de 6-2468 schécke sollt.

14/11/2019 SMS Dictée (lëtzebuergesch) - Diktat (Jemp Schuster)

Et rennen ëmmer méi elektresch Trottinetten iwwer(t) d’Trottoiren (Trëttoiren), an déi mat Muskelkraaft gedriwwe Vëloe verschwanne mat der Zäit aus dem Stroosseverkéier.

14/11/2019 SMS Dictée (lëtzebuergesch) - Opléisung (Jemp Schuster)