An Niedersachsen am Landkreis Stade an der Hansestad Buxtehude gëtt haut viru 36 Joer eng Zon ageriicht déi haut a ganz villen Dierfer a Stied, och hei zu Lëtzebuerg existéiert. D'30er Zon.

14/11/2019 Buxtehude: 30er Zon wat och soss

Grond genuch fir d'Stiedche mat eppes méi wéi 40.000 Awunner kuerz virzestellen; hei vum Kierchbierg brauch ee mam Auto gutt 6 Stonne bis op Buxtehude, eng Verbindung mam Zuch gëtt et och, 6 mol ëmklammen inclus an dauert knapp 8 Stonnen. Do ukomm sollt een en Tour duerch de Buxtehude-Musée maachen, hei stécht e mëttelalterleche Passiouns-Altor an nach aner sakral Konschtwierker ervir. Bekannt war d'Stad an der Zäit och fir d'Nuddelfabrik vun der Firma Birkel a Schweppes gouf och do an den 90er ofgefëllt. Haut huet d'Buxtehude nach déi eng oder aner grouss Entreprise ronderëm sech, zum Beispill Airbus, Bacardi a Unilever. Donieft ass d'Stad an Niedersachsen awer och nach fir säi Spëtznumm Märchenstadt bekannt. D'Mäerche vun der Course tëscht dem Hues an dem Kéisécker vum Dr. Wilhelm Schröder, méi spéit vun de Gebridder Grimm noerzielt, spillt zu Buxthehude. Dowéinst gehéieren déi 2 Déieren zum Inventaire vun der Stad a si souguer hir Maskottercher. Am Räuber Hotzenplotz gëtt Buxtehude och ernimmt, sou datt et net méi wéi normal ass datt d'Stad zënter 2007 un der däitscher Mäerchestrooss läit. Déi 600 Kilometer laang Vakanzestrooss geet vun Hanau, vun do sinn d'Gebridder Grimm, bis op Bremen an där hir Stadtmusikanten. Haut viru 36 Joer ass de Stadkär vu Buxtehude a ganz Däitschland en Thema; deen Dag gëtt déi éischt 30er Zon an der Bundesrepublik ageriicht, déi Zon an där all d'Gefierer nëmmen mat maximal 30 Kilometer an der Stonn fueren dierfen. Dës Zone ginn et an Tëschenzäit och hei zu Lëtzebuerg a gi mam typeschen Tempo 30 Schëld, wäisst Schëld, roude Rand an d'Zuel 30 schwaarz, ugewisen a sollen d'Sécherheet vum Verkéier erhéijen an d'Qualitéit fir ze Wunne verbesseren. Fir nach méi Sécherheet an de Wunnquartieren, deels och fir Hektik aus dem Verkéier ze huelen, ginn et och well Zonen an deenen een nëmme mat 10 oder 20, oder am Schrëtttempo fueren dierf. Nodeems den Test vun enger 30er Zon zu Buxtehude also positiv ausgefall ass, hunn och aner däitsch Stied verschidden Deeler an 30er Zonen ëmgewandelt, déi éischt 30er Zon zu München gouf den 19. Januar 1988 ageriicht.