Rassismus, Angscht, Gewalt a sozial Ongerechtegkeeten, dat war den Alldag vum Anna Mae Bullock zu Nutbusch am Bundesstat Tennessee. Wéi si de 26. November 1939 op d'Welt koum, huet näischt drop higewisen, dass si een enges Dages als Tina Turner zur Pop-Ikone géif ginn. D'Marie Gales mat engem klenge Portrait vun enger Damm, déi d'Leffele ni bei d'Tromm gehäit huet.

26/11/2018 Happy Birthday dem Tina Turner fir den 80.

D'Anna Mae Bullock koum als jéngsten Duechter an enger Paschtoueschfamill op d'Welt. Séier huet si misste léiere mat Viruerteeler ëmzegoen an hir Astellung zum Liewe war vun immens grousser Selbstdisziplin gepräägt. Schonns am Kierchechouer ass dat klengt Anna Mae duerch säi Sangen opgefall an am Alter vu 19 Joer hat si dunn dee Mënsch kenne geléiert, deen hirem Liewen deen entscheedende Wiessel sollt bréngen. Fir d'éischt als Backgroundsängerin, ma séier hat den Ike Turner erkannt, dass dës jonk Fra dat bestëmmten Eppes huet an och wierklech sange kéint.

Hir Ike & Tina Turner Revue goung op Tour duerch déi ganz Welt, an dat mat vill Succès. Mä den Soul-Museker huet net verdroen, dass d'Tina Turner, entretemps seng Fra ëmmer méi an de Mëttelpunkt geroden ass a privat goung et biergof. An hirer Biografie hat d'Tina Turner geschriwwen, dass si vun him geschloe an och vergewaltegt gouf. Mä wa si ganz éierlech wier, war schonns vun Ufank un alles mä net harmonesch gewiescht. Hir Hochzäitsnuecht hätte si an engem Puff verbruecht.

1968 koum dunn alles anescht; nodeems d'Tina Turner probéiert hat sech d'Liewen ze huelen, gouf de Buddhismus hire Refuge an konnt domadder genuch Kraaft sammelen fir sech ze wieren an hire Mann 1976 och endlech ze verloossen.

Si stoung virum Näischt! Ma d'Tina Turner hat en Numm, deen si no der Scheedung konnt behalen, an op deen hat si Mëtt der 1980er Jore voll gesat. Grousst Gléck: Hier geléngt solo den Duerchbroch; den Album „Private Dancer“ mécht si zum Superstar. Si léiert an där Zäit och en neie Mann kennen, de Musekmanager Erwin Bach, deen si 2013 bestitt. Zanterhier ass si och Schwäizer Biergerin an huet déi amerikanesch Nationalitéit opginn. An hirer rezenter zweeter Autobiografie huet de Superstar verroden, dass si 2013 e Schlag hat an 2016 Daarmkriibs. An duerch eng Nierespend vun hirem Mann konnt si 2017 eng schwéier Krankheet iwwerliewen.

Zu Éiere vun der Kënschtlerin ass dat lescht Joer de Musical "Tina - The Tina Turner Musical" am Londoner Aldwych Theatre gestart, autoriséiert vum Tina Turner herself. Dono ass en op Tour gaangen op Hamburg, elo ass en zu New York an dat nächst Joer kënnt d'Show op Utrecht an Holland an op Stuttgart.

An ass och besser et kritt een den OK vum Tina Turner, well zur Zäit klot si wéinst enger anerer Show viru Gericht! Grond ass e Plakat, op deen ee wierklech gutt muss kucke fir ze erkennen dass et d'Tina Turner NET ass fir "Simply The Best - Die Tina Turner Story". D'Dorothea "Coco" Fletcher gläicht dorobber immens der Pop-Ikone an et kéint een denken d'Tina Turner wier selwer an där Show. Fir dat ze verhënneren, misst een op de Plakater markéieren, dass si näischt domadder ze dinn huet. Den 22. Januar kënnt et an där Affär dann zu enger Decisioun.