Haut gëtt a Kanada gefeiert. De ronne 45. Gebuertsdag vum Nickelback Frontmann Chad Kroeger.

15/11/2019 Eng 100 Sekonne Geschicht: Chad Kroeger

Den Ex-Mann vum Avril Lavigne kënnt de 15. November 1974 zu Hanna an der kanadescher Provënz Alberta op d'Welt. Eréischt am Alter vun 13 Joer bréngt den Chad sech selwer d'Gittar bäi an nodeems hie mat der Highschool fäerdeg ass, fänkt hien u mat sengem Hallefbrudder Mike a dem Ryan Peake als Coverband duerch  Kanada ze touren, wou si virun allem Lidder vun de Red Hot Chili Peppers spillen. 1995 iwwerzeegt hien déi zwee zu Toromto an e Studio ze goen an e puer Lidder opzehuelen, déi den Chad selwer geschriwwen hat. Et ass dëst d'Gebuertsstonn vun Nickelback, déi duerno awer nach 3 Joer brauchen, ier se éischt Hits a Kanada feiere kann, a 6 Joer, bis dass hinne mam Album „Silver Side Up“ an der Single „How You Remind Me“ den internationalen Duerchbroch gléckt.

Queesch uechtert Europa ass „How You Remind Me“ 2001/2002 en Top 5 Hit, an Irland, Éisterräich, Dänemark a Polen esouguer eng Nummer 1. 2002 steet den Chad Kroeger eng éischte Kéier ouni seng Band an den Charts. Zesumme mam Josey Scott séngt hie fir de Spiderman-Soundtrack d'Lidd „Hero“

Donieft huet de kanadesche Gittarist och aner Bands an Acts ënnerstëtzt a gefuerdert, deels als Produzent, deels als Songwriter. Esou stécht den Chad Kroeger zum Beispill hannert dem Duerchbroch vun der Formatioun Daughtry, déi vun 2006 un an den internationalen Charts ze fanne sinn.

De Sänger vun der meeschtgehaasster Band vun der Welt, deen Titel huet Nickelback leider, feiert haut säi 45. Gebuertsdag.