Et gëtt elo ee Grond, a souguer ee gudde Grond, wisou Hënn sech freeën, wann ee mat hinnen schwätzt, wéi mat engem klenge Kand.

18/11/2019 Jäiz dach net sou mat deem Hond

Eng Rëtsch un Etüden huet erginn, dass Hënn eis kënnen verstoen, wa mir hinnen eppes Léiwes soen. En Hond kann nämlech de Gesiichtsausdrock vu Mënschen deiten an déi mënschlech Sprooch verstoen. Dat mëscht, dass den Hond och ganz genee weess, wat et heescht, wa mir mat ëm jäizen,sou d'Veterinärin Dr. Romi Roth.

Den Hond entwéckelt doduercher eng Iwwerempathie géigeniwwer vum Mënsch. A wann en Mënsch mam Hond jäizt, dann interpretéiert den Hond domadder eppes anescht, wéi mir dacks unhuelen. Wa mir jäizen, mengt den Hond, mir hätten d'Situatioun net am Grëff.

Hënn sinn dann och vill méi sensibel géigeniwwer vum Kaméidi. Hënn mat spatzen Oueren kënnen fënnef mol besser héieren, wéi mir Mënschen. Domadder sëtzen mir mat eisem Jäizen den Hond zousätzlech physesch ënner Drock. Ma an awer geet et heiansdo net ouni.

Ma bei der Erzéiung vum Hond muss ee Gedold hunn an den Hond ëmmer nees belounen, wann en eppes gemaach huet, wéi en soll.

Fazit: Den Hond spiert eis Stëmmung an wëll ëmmer probéieren eis et Recht ze maachen.