Verschidde Gesëschter kréien sech reegelméisseg an d'Hoer, fannen nees zoueneen, anerer ginn sech einfach aus dem Wee. Dat huet net nëmme mat hirer Perséinlechkeet, ma och mam Verhale vun den Elteren ze dinn, Michèle?

18/11/2019 Virwat Gesëschter sech nët ëmmer verdroen

Rolzen, Gemauls, Gepicks a Gestreits... an der Kandheet gehéiert Sträit ënnert de Gesëschter wuel op den Ordre du Jour. Ma heescht dat wierklech dass een sech net leide kann?
Déi gutt Noriicht: Tatsächlech sinn déi meescht Gesëschter frou mateneen. Konkurrenz an Näid ënnert Brudder a Schwëster sinn a jonke Joren normal a fir d'Entwécklung esouguer relevant.
Et kann nämlech ureegen an encouragéieren sech an Eppes ze verbesseren. Zugläich schaaft et och Differenzen tëscht de Gesëschter, wat hinne spéider erméiglecht sech besser vuneneen ofzegrenzen, esou d'Psychoanalytikerin an Autorin Dorothee Adam Lauterbach 
Grad esou sinn Aggressiounen normal, mengt de Psycholog Jürg Frick, deen e Buch iwwert d'Bezéiung tëscht Gesëschter geschriwwen huet. E Stéck wäit gehéiert et och dozou dass Kanner sech kierperlech unenee moossen an dobäi léiere mat hirer Kraaft ëmzegoen, an z'erkenne wat Eescht a wat Spill ass. An natierlech och z'akzeptéiere wann deen aneren net méi wëll. Dee Konkurrenzkampf verschwënnt normalerweis wann ee méi al gëtt.

Ma wat ass wann d'Kluft tëscht de Gesëschter awer méi déif ass? Wat ass wann se net nëmmen altersgerecht Reiwereien hunn, ma sech wierklech net leide kënnen?
Och hei hunn d'Fuerscher analyséiert. Wéi gutt ee mateneen auskënnt hänkt vum Altersënnerscheed of, un de gemeinsamen Interessen an un der Perséinlechkeet. Wat den Altersënnerscheed méi kleng ass, wat besser, an zwou Schwësteren oder zwee Bridder stinn sech méi no wéi Brudder a Schwëster. wat Perséinlechkeet an d'Intressen ubelaangt gesënnt gläich a gläich sech gär  

Eng ganz wichteg an zentral Roll am Ëmgang vun de Gesëschter mateneen spillen allerdéngs d'Elteren. Déi sollen als éischt hiren eegenen Undeel iwwerpréiwen, esou de Jürg Frick. Wann den Drock ze grouss ass, ee vun de Kanner bevirdeelegt ass, oder ëmmer verglach gëtt, kann dat Konkurenzgefiller wéi Näid, Sträit an Oflehnung fuerderen. Eng ongläich Behandlung kann eng Gesëschterbezéiung e Liewe laang belaaschten betount och d'Psychotherapeutin Adam-Lauterbach a sot dass bei hir an der Praxis reegelméisseg Erwuesse Leit sëtzen déi hir psychesch Problemer dorausser hunn. 
Munch Bezéiunge wandelen sech am Alter zum Gudde wéi zum Schlechten. Decisive Punkt ass meeschtens en déif gräifend Evenement wéi den Dout vun engem Elterendeel wat dann nees zesummeschweesst, oder je no Testament ausernee rappt.