Och wa mer eis net ëmmer drun hale, wësse mer dach eigentlech dass Vollkar besser fir eis ass wéi dat wäisst Miel. Mee wat genee bréngt Vollkar Brout eisem Kierper? Wat der esou iwwert d'Käre wësse musst huet d'Julie Dupont zesumme gesicht.

11/11/2019 Wat ass Vollkar, a wat bréngt et mer?

  Déi bei eis bekanntsten Zorte si Mais, Räis an natierlech de Weess. Zu der Famill vum Weess gehéieren awer och nach de Spelz, wéi och Emmer an Einkorn. Des zwou läscht Kärenzorten gehéieren zu deenen eelste Kären, a ginn an eise Géigende net méi wierklech ugebaut.
Aner Kären déi mer iesse si Kar, Geescht, Huewer an Hirse.

Dee schlechste Ruff vun all de Kären huet wuel de Weess. Dat läit virun allem um reng gemuele Weessmiel dat een an Nuddelen, Patisserien an anere Zorte vu wäissem Brout fënnt. Dobäi geet et net drëms op ee Weessmiel benotzt oder net. Wat wichteg ass, ass d'Aart a Weis wéi gemuel gëtt. An dat ass och eigentlech schonn den Ënnerscheed tëscht Vollkar a rengem Miel. Beim Vollkar ginn d'Kären am Ganze geholl a gemuel. Doduerch sinn och all déi wierklech wichteg Stoffer dran déi eise Kierper brauch. An eis doduerch och méi laang sat halen wéi elo Produite mat wäissem Miel.
 
Mee net all Brout dat däischter ass oder Kären huet ass automatesch Vollkar. Fir als Vollkar dierfe bezeechent ze ginn muss ee Produit zu 90 Prozent mat Vollkarmiel oder -schrout verschafft gi sinn. Oft gi Produite wéi Brout oder Bréidercher och einfach ju st brong gefierft, wéi zum Beispill mat Malzsirop. Doduerch gesinn se da méi gesond aus, mee gi soss eigentlech genee d'selwecht produzéiert wéi d'Baguette. Et kann een sech also net einfach just op d'Faarw vum Brout verloossen.

Vollkarproduite bidden eisem Kierper eng ganz Partie Saachen: Vitamin B, Eisen, Zénk oder Magnesium. Da sinn och nach vill Ballaststoffer ze fannen, déi wichteg fir eis Darmflora sinn an eis souguer beim Ofhuelen hëllefen. Si verhënneren dass all Fetter a Proteinen déi mer iessen och komplett vum Kierper opgeholl ginn. Wie reegelméisseg Vollkarproduiten ësst, setzt de Risiko erof  Diabetes, Dickdarmkriibs oder Häerz-Kreeslaf Problemer ze kréien. Pro  Dag soll een op mannst 30 Gamm Ballaststoffer zou sech huelen. Dat kënnt op 4 Schmieren Vollkarbrout eraus.