Fir säin Theaterstéck “Fir wann ech net méi kann” krut de Romain Butti 2018 den éischte Präis am nationale Literaturconcours. Mat “Ein Jahr in Berlin” huet de Newcomer elo säin éischt Buch erausbruecht. D’Bea Kneip huet sech mat him ënnerhalen.

13/11/2019 Lecture vun heiheem: "Ein Jahr in Berlin" vum Romain Butti

De Romain Butti huet eng Zäitlaang zu Berlin gelieft. Mä och wa seng Novell den Titel “Ein Jahr in Berlin” dréit, ass et net déi däitsch Haaptstad u sech, déi am Mëttelpunkt steet. Op den éischte Säiten kënnt de Lieser zesumme mat Ech-Erzieler zu Berlin un, a léiert d’Grousstad als eng hektesch Metropol kennen an der d’Liewe pulséiert, an engem Rythmus fir den net jiddferee gemaach ass. De Protagonist, dem säin Numm mer net gewuer ginn, huet e ganz präzisen Optrag: e soll senger Tatta Ida, enger bekannter Galeristin, dobäi hëllefen hir Memoiren ze schreiwen. (Allerdengs ass en hir nach ni virdru begéint, a weess och soss wéing iwwer si, wat seng Aufgab net méi einfach mécht. ) Hie begéint hir an der Galerie, wou si mat enger Taass Téi virun enger Efeutapéit sëtzt déi am Laf vun de Säiten ëmmer nees ernimmt gëtt. Efeu gëtt dacks als Symbol fir Léift, Treisinn  souguer éiwegt Liewen ugesinn. D’Ida ass awer éischter en Niewepersonnage. Et ass eng Zoufallsbekanntschaft, dee charismatesche Greg, deen dem Protagonist seng Welt wäert op d’Kopp dréinen. Tëscht deenen zwee grondverschiddene Perséinlechkeeten entsteet eng Relatioun, déi fir den Ech-Erzieler praktesch wéi eng Sucht gëtt.
Nieft Berlin ass nach eng aner Plaz wichteg: Neiséiland, vun dem déi zwee Männer ëmmer nees dreemen.
Wéi de Greg Berlin verléisst, verschwamme fir de Protagonist d’Konturen tëscht Dram a Realitéit. Och déi enorm geografesch Distanz kann net déi magnéitesch Unzéiungskraaft, déi de Greg op hien huet, ausläschen.

Gedichter a Songtexer op Englesch, en Theaterstéck op Lëtzebuergesch an elo also eng Novell op Däitsch, de Romain Butti ass a ville Sproochen doheem an experimentéiert gäre mat verschiddene Sproochen a Genren. “Ein Jahr in Berlin” ass fir hien e ganz wichtegen Text, den him, wéi hie selwer seet, un d’Häerz gewuess ass.