Domadder kënnt een net nëmme besser duerch d'Liewen, et bréngt engem perséinlech och nach eppes: ënnert anerem si mer méi glécklech an et huet e positiven Effekt op eist Gehier.

19/11/2019 Frëndlech a fein sinn

Hei sinn e puer gutt Grënn fir méi op d'Leit ronderëm eis Uecht ze ginn an och emol eng Hand mat unzepaken. Et gëtt och kee Grond, fir net fein ze sinn, well et läit am Fong an eise Genen. Wëssenschaftler vum Max-Planck-Institut hunn erausfonnt, dass Kanner scho ganz fréi hëllefsbereet sinn. Schonn déi ganz Kléng vu 14 Méint wëllen hëllefen, wa se gesinn dass en Erwuessenen Schwieregkeeten mat eppes huet. Wie frëndlech ass, mécht also einfach nëmmen dat, wat vun der Natur virgesinn ass.

 - Et gëtt ee glécklech. Direkt e puer Etüden hu sech scho mat deem Thema befaasst. An enger amerikanescher goufen d'Leit opgefuerdert, enger Persoun Merci ze soen, déi nach ni an hirem Liewen e Merci krut. Duerch déi Aktioun ass de Glécks-Level bei deenen, déi de Geste gemaach hunn, direkt an d'Luucht gaangen an huet ee ganze Mount laang ugehalen. Selbstverständlech huet och déi aner Säit sech gefreet.

- Fein sinn huet awer och psychologesch Virdeeler; dat weist sech an de Schalt-Zenteren vun de Nerven an eisem Gehir. Et entstinn nei Nerve-Bunnen, déi dofir responsabel sinn, dass mer eis wuelfillen an et gëtt méi Endorphin ausgeschott. Doduercher verschwanne negativ Gedanken a mer sinn direkt vill besser gelaunt.

- Leit, déi reegelméisseg eppes Guddes fir anerer maachen, also op fräiwëlleger Basis, liewen am Duerchschnëtt fënnef Joer méi laang ewéi Persounen, déi just no sech kucken. Déi amerikanesch Etüd huet och gewisen: Nëmmen déi, déi hëllefen, hu méi e laangt Liewen, a net déi, déi gehollef kréien.

An dat Flott un der Saach: Wie léif ass, inspiréiert déi ronderëm et och esou ze maachen. Mir fillen eis einfach besser, wa mer gesinn, dass en aneren engem aneren hëlleft. An dat bréngt eis dozou. och déi eng oder aner gutt Aktioun ze vollbréngen.

© Pixabay