Huet de Moien da schonn äre Mo gegrommelt? Heiansdo kann dat engem ganz penibel sinn, da wëll een am léifsten direkt eppes iessen fir dass et verschwënnt.
De Raoul Roos huet sech ëmfrot wou dat hierkënnt

18/11/2019 Firwat grommelt de Mo? 08h50

Wat gëtt et de Mëtteg z'iessen? Eleng bei deem Gedanken grommelt scho bei verschiddenen de Mo, meeschtens ass et jo da ronderëm een extrem roueg.

De Mo schafft permanent, ronderëm d'Auer. Et ass e sougeannten Huelmuskel mat enger Schläimhaut ronderëm. De Mo mécht sech selwer tëscht den Iesspausen propper a verschafft, respektiv transportéiert ob déi Manéier d'Iessen. D'Zesummenzéien vun de Muskelen héiere mir als grommelen.

Déi Geräischer triede meeschtens kuerz vir oder nom Iessen op. Besonnesch haart si se wann de Mo eidel ass. Obwuel: eidel ass en eigentlech ni. Da gëtt eben Loft a Flëssegkeet transportéiert.

Wann also een sech sollt beschwéieren, dass der haut nach näischt geschafft hutt, da loosst dat net gëllen: äre Mo schafft ëmmer.

Bei Risiken a Niewewierkungen: frot am beschten ären Dokter oder Apdikter.