Bei Coldplay gëtt et zwar en neien Album awer keng Tour. De Lewis Capaldi bréngt säin Album nach eng Kéier eraus an de Robbie Williams ass a Chrëschtdagsstëmmung.

22/11/2019 Nei Musek fir de Weekend

Everyday Life heescht déi nei Plack vu Coldplay, déi éischt nei Musek a 4 Joer. Am Virfeld waren 3 Lidder am Ëmlaf (Orphans, Arabesque an Everyday Life) an d'Informatioun datt d'Grupp net direkt op Tour geet fir déi nei Lidder Live virzestellen, dat wéilt een eréischt maache wann et méiglech ass eng Klimaneutral Tour z'organiséieren. Iwwerdeems goufen all d'Texter vun Everyday Life virum Release an enger neiséilännescher Lokalzeitung publizéiert. Firwat ass déi aner Saach.

De Lewis Capaldi bréngt säin Album Divinely Uninspired To A Hellish Extent nach eng Kéier eraus, hannert den Numm vum Album kënnt dann nach Expanded Edition stoen. Nieft sengen Hits wéi d'Ballad Someone You Loved, gëtt et dann och en neit Stéck. Before You Go ass eng ganz emotional a perséinlech Nummer; et geet ëm de Selbstmord vun enger Tatta vum Lewis, dee Moment hat hie 4 oder 5 Joer. D'Lidd geet net ëm de Suicide selwer mä ëm d'Leit, an hir Gefiller, déi zeréckbleiwen.

E gudde Mount viru Chrëschtdag geet et erëm lass mat der passender Musek fir déi besënnlech Zäit. Dëst Joer huet de Robbie Williams sech vun der Stëmmung ustieche gelooss. D'Resultat heescht The Christmas Present eng Mëschung aus Klassiker an neie Kreatioune mat engem Touch Swing. Als Gäscht liest een Nimm wéi Jamie Cullum (Merry Xmas Everybody), Bryan Adams (Christmas (Baby Please Come Home)) an ënner anerem Helene Fischer (Santa Baby)

D'Fans vu Rammstein dierft dann intresséieren datt hire Sänger, Till Lindemann, mat sengem Solo-Projet Lindemann den Album F & M dobaussen huet an déi nei Plack vum Beck heescht Hyperspace.