Et kann een et am Deo, an der Zahnpasta oder och am Iessen fannen, wann dat dann am Aluminium verpak gouf. Komme mir ze vill mam Liichtmetall a Verbindung, kéint dat schiedlech fir eis Gesondheet sinn. Wéi eng Alternativen et ginn? Wéi eng gesondheetlech Konsequenzen deen ze héije Konsum mat sech brénge kann, a wéi ee sech schützen kann, gitt Dir hei gewuer.

Eppes wat ee vun Ufank un wëssen soll, wann et ëm Aluminium geet. Et gëtt Aluminium an et gëtt Aluminium, seet de Ralph Baden, Vize-President vun der Akut Lëtzebuerg ASBL.

Aluminiun ass u sech eppes dat et iwwerall gëtt. Et ass deen 3-hëftegsten Stoff, deen et gëtt, hannert Sauerstoff an Silikat, also Sand. An da gëtt et de chemesch verschafften Aluminium, dat sinn Aluminium-Salzen. A während deen éischten harmlos ass, also kee Problem duerstellt, ass deen aneren schiedlech fir eis Gesondheet.

Aluminium, dee chemesch hirgestallt gëtt, fënnt een a ville Produiten erëm.

Ugefaang an der ganzer Verpackungsindustrie. Alles wat Iessen a Gedrénks ugeet, domadder si Blechenbéchsen gemengt, déi ganz dacks och aus Aluminium sinn. Et fënnt een et och als Adjuvant, also als Verstäerker an Impfstoffen, an virun allem och a Kosmetikproduiten, wéi Deo. Aluminium déngt als Anti-Transpirant a mëscht d'Poren ënnert den Äerm zou. Ma et fënnt een et och vill a Sonnecrèmen.

Aluminium huet Auswierkungen op eis Biochemie, also op eis Mechanismen am Kierper.

Iwwerall do wou Magnesium, Kalzium oder Eisen eng Roll spillt an eisem Kierper, kann Aluminium dat ersetzen an déi Roll dann iwwerhuelen. Iwwert länger Zäit gesinn, kann et neurologesch Auswierkungen mat sech bréngen, also eist Gehir an Nervesystem an dat kéint Krankheeten, wéi Alzheimer oder Demenz begënschtegen. An Aluminium kéint och verantwortlech sinn fir d'Verännerung vun de Chromosomen an dat kéint a Richtung Tumeuren goen.

Dofir wier et gutt, fir sou vill wéi méiglech Aluminium ze vermeiden. 100% vermeiden, wier quasi onméiglech, ma et kéint een awer op bestëmmte Saachen oppassen. Dacks wier den Aluminium op Verpackungen hannert Buschtawen an Zifferen verstoppt.

Do gëtt et an der Liewensmëttelindustrie, déi berühmten E-Nummeren an do steet op Produiten dann dacks E559 an dohannert verstoppt sech den Aluminium. Et gëtt awer eng Partie Plazen, wou een et ganz einfach ka vermeiden, ugefaangen bei enger Sonnecrème an viru gefuer bei de Blechen Béchsen. Zum Beispill bei d'Saier an der Cola, léist sech den Aluminium aus der Béchs a geet an d'Gedrénks iwwer. Ma do kéint een awer einfach en Ënnerscheed tëschent enger Aluminium- an enger Béchs aus Blech maachen. Hält een e klengen Magnéit dobäi an e bleift net drun hänken, dann ass et Aluminium.

Mir huelen de gréissten Deel vum Aluminium oral oder iwwert d'Haut op. Virun allem duerch Verpackungen kann den Aluminium an eist Iessen oder Gedrénks iwwer goen. Meeschtens ass dat awer net de Fall, ausser...

...et si waarm Saachen dran oder et sinn säierzesch Saachen dran. Well duerch d'Saier an d'Hëtzt entsteet eng chemesch Reaktioun an den Aluminium gëtt fräi gesat. Zum Beispill Tomaten enthalen Saier an dofir soll een am beschten keng waarm Nuddelen mat Tomatenzooss am Aluminium verpaken.

Et sollt een Aluminium awer elo net verdäiwelen, et soll ee sech deem bewosst sinn, a probéieren, Aluminium sou gutt wéi méiglech, ze reduzéieren. 99% vum Aluminium, deen an eise Kreeslaf kënnt, gëtt duerch den Daarm nees ausgescheet an just ee klengen Prozentsaz bleift zeréck. An och do huet de mënschleche Kierper Mechanismen, fir sech selwer ze entgëften.