Vitaminne si kloer wichteg fir eise Kierper. Ee Vitaminn iwwert deen een alt ëmmer erëm héiert ass do de Vitamin D. Fir méi iwwert des Vitaminn gewuer ze ginn, huet d'Julie Dupont mam Dr. Nico Haas geschwat.

27/11/2019 Vitaminn D

Am Beschte fänke mer direkt vu fir un. Nämlech wat genee ass Vitaminn D a wat mécht et an eisem Kierper?
Dr. Haas: Vitaminn D ass eeben eng Vitaminn, dat Wuert kennt vum laténgesche Vita also Liewen, an de Vitaminn D hëlleft eis fir de Kalzium opzehuelen also fir d'Skelett, d'Schanken ze stäerken. Am Moment sinn Etuden amgaangen déi sech domat beschäftegen fir wat Vitaminn D nach kéint wichteg sinn an dem Kierper hëllefen. Wéi zum Beispill an der Entwécklung vum Diabetes, verschiddenen Zorte Kriibs, der Epilepsie. Et ginn och Behaaptungen, dass eng Bronchiolite bei Bëbeeën ka verhënnert ginn wann d'Mamm ee Complément hëlt sou laang se niert. Dat sinn awer alles am Moment nach just Theorien, déi als éischt nach mussen mat "Preuves à l'appui" bewise ginn.

Gëtt et do dann ee geneeë Wäert, wat een esou u Quantitéiten all Dag soll zou sech huelen?
Dr. Haas: Dat ass schwéier ze soen, dass och menger Meenung net onbedéngt wichteg ze wëssen wou exakt mäi Wäert läit, mee einfach opzepasse dem Kierper reegelméisseg eng Portioun Vitaminn D ze verpassen. Et ass wéi bei engem Auto: wann een net wëll dass den Tank eidel gëtt muss ech reegelméisseg Bensin dramaache, fir sécher ze goen dass e weider ka rullen. Ongeféier esou ass et dann och beim Vitaminn D

Wat kann een da maache fir Vitaminn D zou sech ze huelen?
Dr. Haas: Am Beschten ass et am Summer, oder och schonn am Fréijoer op mannst eng hallef Stonn pro Dag an der Sonn opzehalen. Do musse mindestens d'Gesiicht an d'Äerm fräi sinn. Da ginn et och nach eng Rei Liewensmëttel wou Vitaminn D dran ze fannen ass. Dat ass awer ëmmer nëmmen a klenge Quantitéiten, déi net duerginn als Vitaminn D Quell. A verschiddenen Zorte Champignon fënnt ee Vitaminn D, bei enger Rei Fëschzorten an an den Eeër. Fréier huet een d'Leit gedoen "Lebertran" ze drénken fir Vitaminn D ze kréien. Dat ass een Ueleg deen aus der Liewer vum Cabillaud gewonne gëtt.

Mär kënne Vitaminn D also iwwert Iessen an d'Sonn ophuelen. Am Fall vun engem Mangel gräife vill Leit zu Vitaminnpräparater. Kënnt de Wierkstoff dann och sécher am Kierper un? An ënner wéi enge Forme ginn et déi?
 Dr. Haas: Do gëtt et Pëllen, Kapselen an Ampullen. Wat do just ee gewëssene Problem ass, ass dass Vitaminn D zu de fettléisleche Vitaminnen. Et muss een also mam Vitaminn D och Fett zou sech huelen, well de Kierper et soss guer net kann ophuelen. Me  e et sinn och Firmaen déi dowéinst an d'Kapsel e bësse Fett dramaachen, soudass een sech do keng Gedanke méi muss maache. Dat schmaacht och net schlëmm.

Ech hunn och scho sou Aussoe gelies ewéi: praktesch all Europäer huet ee Vitaminn D Mangel, an dass dat och geféierlech ass. Wéi schlëmm ass d'Situatioun dann effektiv? 
Dr. Haas:Ech denken och, dass een dat muss relativ kucken. Et gi bestëmmt Leit déi net genuch Vitaminn D hunn, zum Beispill ee Kand dat geniert gëtt wou d'Mamm kee Supplément hëlt, oder eeler Leit déi vill doheem oder am Altersheem sinn an net méi vill erauskommen. Déi 2 Gruppe stellen guer keen oder net genuch Vitaminn D selwer hier, a rutschen dowéinst méi schnell an ee Vitaminn D Mangel. Dat anert ass och sou heiansdo eng Mouderscheinung déi kënnt. Mee dat Wichtegst ass elo, dass Etude gemaach ginn an een duerno, soe mer an 2-3 Joer, ka sécher soen wéi a firwat dat wichteg ass.