De Magazin "Fodor's" gëtt net nëmmen Tipps wouhinner ee soll an d'Vakanz fueren, mä och wou ee besser huet ewech ze bleiwen. Et heescht esouguer d'Touriste solle wa méiglech 10 Joer e laang e Bou ronderëm maachen. D'Grënn kënnen ethescher, ekologescher oder politescher Natur sinn.

28/11/2019 Touristen net erwënscht !

D'Zil vun der Lëscht ass et, aus all Tourist e besseren Tourist ze maachen- andeems e sech aner Plazen op der Welt eraussicht fir ze entdecken. D'Rees-Destinatiounen, déi opgelëscht ginn, musse sech erhuelen well se an de leschte Joeren carrément iwwerrannt goufen. D'Bewunner, d'Stied, d'Plazen an esouguer Bierger mussen erëm kënnen zou sech kommen. 2018 ganz uewen op der Lëscht: Amsterdam, Venedeg, de Machu Pichu, an déi griichesch Insel Santorin. D'lescht Joer waren et déi schottesch Isle of Skye, d'Ouschter-Inselen, Dubrovnik an esouguer Mallorca.

Eng vun den Destinatiounen op der Lëscht vun 2020: Barcelona. An de Quartieren vun der Stad mat den Touristenattraktiounen ewéi der "Sagrada Familía" an dem "Park Güell" wier einfach keng Plaz méi, fir nach méi Visiteuren. Airbnb hätt et fir d'Awunner nach méi schlëmm gemaach, well d'Loyeren vun de Wunnengen permanent an d'Luucht ginn. Dobäi kënnt d'Ëmweltbelaaschtung duerch dee villen Dreck, doudeg Noperschaften droen och net zu der Liewensqualitéit bäi.

© Big Sur/ Pixabay

A Kalifornien ass et d'Géigend ronderëm de Big Sur, déi net gutt drun ass. E Grond dofir dass esou vill Touristen dohinner fueren ass d'Serie 'Big little Lies'. Déi wonnerbar Landschaft ronderëm den "Highway 1" zitt esou vill Leit un, dass d'Awunner sech iwwer Exkrementer an de Stroossen opregen, oder Visiteuren, déi wëll doruechter campéieren- an enger Géigend an där all Joer eng sëlleche Bränn ausbriechen.

Eng weider Plaz, déi ee net sollt besichen, ass d'Tempel-Anlag Angkor Wat am Kambodscha . 900 Joer huet déi ewell um Bockel a notzt ëmmer méi of; an deem Mooss, dass d'Fundament esouguer ugegraff gëtt. D'Trapen si rëtscheg an déi helleg Relieffen ginn ellen,  well se vun enger Onmass Leit beréiert ginn. Donieft gëtt et net genuch Waasser an där Géigend, e weidere Problem bei ëmmer méi Hotellen op der Plaz.

© Hanoi/ Pixabay

Bali ass zanter Joren déi beléifsten vun den indoneseschen Inselen a geet mëttlerweil am Plastik ënner, esou wuel op der Plage ewéi am Mier. All Dag kommen bal 4000 Tonnen Dreck zesummen, nëmme 60 Prozent dovunner landen um Tipp. Zanter leschtem Joer ass Plastiks-Geschier komplett do verbueden. Weider Destinatiounen, déi net recommandéiert ginn: den "Old Quarter" zu Hanoi, wou en Zuch sech op e puer Zentimeter laanscht d'Haiser duerch d'Stroossen dréckt, an d'Matterhorn. Do ass et einfach ze vill geféierlech ginn duerch lasse Fielsen. Nach ass et net offiziell verbueden, do ze kloteren, mä zanter 2018 si schonn 18 Leit erof gefall a gestuerwen.

© Matterhorn/ Pixabay