De World Monuments Fund (WMF) gëtt all Joer eng Lëscht public mat Kulturmonumenter déi a Gefor sinn. Dëst Joer si 25 Plaze bäikomm. Zu dëse Monumenter zielen ënnert anerem och Landschaften, historesch Quartieren, oder helleg archeologesch Sitten. Dës sinn entweder duerch Naturkatastrophen, Urbaniséierung, politesch Onrouen, oder och aner Ëmstänn a Gefor, Michèle?  

29/11/2019 25 weider Kulturmonumenter a Gefor

Insgesamt huet de WMF bis elo 836 Kulturmonumenter, a méi wéi 135 verschidde Länner a säi Programm mat abezunn a fir den Erhalt huet déi privat gemengnëtzeg Organisatioun mat Sëtz zu New York zanter de leschte ronn 20 Joer méi wéi 110 Milliounen Dollar prett gestallt, a ronn 300 Millioune si vun aneren Entreprisen an Organisatioune mat agefloss.
Zu de bedreete Monumenter déi elo dëst Joer mat derbäi komm sinn, gehéiert ënnert anerem d'Kathedrale Notre Dame, déi am Abrëll duerch e Groussbrand Deelweis zerstéiert gouf. Dës Kierch soll bannent den nächste 5 Joer nees restauréiert ginn.  

© pixabay

Grad esou a Gefor ass dat hellegt Dall vun den Inka, de Valle Sagrado, deen eng landwirtschaftlech Bedeitung huet, well hei d'Inka fréier Mais Gromperen a Geméis ugebaut hunn, haut ass et eng Touristenattraktioun, dee virun allem duerch de Bau vun engem neie Flughafen a Gefor ass.

© pixabay

Am Rapa Nui Nationalpark op der Ouschterinsel am Chile sinn déi berühmte Petroglyphen, déi Fielsbiller déi an de Steen ageschafft sinn a Gefor, dat wéinst de Wiederverhältnesser, an och dem respektlose Verhale vu villen Touristen  

© pixabay

Déi spuenesch Stad Cordoba, ass virun allem berühmt fir hir Haiser mat Hannerhaff, déi am andalusesche Stil gebaut sinn, si lackelt all Joer etlech Touristen un, an dat ass och de Grond, dass vill heemesch Proprietären d'Flucht ergräifen an hiren Haff opginn. 

© pixabay

Nach eent vun den aktuelle Monumenter déi a Gefor sinn ass de Bennerly- Viadukt, e stëllgeluechten Eisebunnsvuadukt tëscht Awswoth am Nottinghamshire an Ilkeston am Derbyshire. Déi Lokal Frënn vum Viadukt setzen sech dofir an, dass e restauréiert gëtt an nees fir d'Ëffentlechkeet zougänglech gemaach gëtt. De WMF ënnerstëtzt och hir Pläng.

© Grant Shaw (wikipedia) CC BY-SA 3.0

    Koutammakou, Land der Batammariba (Benin und Togo)
    Ontario Place (Kanada)
    Rapa-Nui-Nationalpark (Osterinsel, Chile)
    Alexan-Palast (Asyut, Ägypten)
    Notre-Dame de Paris (Frankreich)
    Tusheti-Nationalpark (Georgien)
    „Lebkuchen“-Häuser in Port-au-Prince (Haiti)
    Historische Wasser-Systeme des Deccan-Plateau (Indien)
    Sardar-Vallabhbhai-Patel-Stadium (Indien)
    Mam-Rashan-Schrein (Irak)
    Inari-yu-Badehaus (Japan)
    Iwamatsu-Distrikt (Japan)
    Kanal Nacional (Mexiko)
    Choijin-Lama-Tempel (Mongolei)
    Traditionelle burmesische Teakholz-Häuser (Myanmar)
    Chivas und Chaityas (Kathmandu-Tal, Nepal)
    Anarkali-Bazar (Pakistan)
    Heiliges Tal der Inka (Peru)
    Kindler-Kapelle auf dem evangelischen Friedhof in Pabianice (Polen)
    Hinterhof-Häuser in Axerquía (Córdoba, Spanien)
    Bennerley-Viadukt (Vereinigtes Königreich)
    Bears Ears National Monument USA)
    Central Aguirre Historic District (USA)
    San Antonio Woolworth Building (USA)
    Traditionelle Häuser im Jüdischen Viertel von Buchara (Usbekistan)