Et gëtt méi kal dobaussen, an esou lues klëmmt bei Munchen och schonn d'Virfreed op d'Feierdeeg, wann een d'Liichtercher dobausse gesäit, de Glühwäin schmaacht, oder de Liefkuch am Supermarché fënnt. Haut ass den 1ten Advent, a wien nach e klenge Push an Direktioun Chrëschtfeeling brauch, dee kéint mol e Bléck op dem Michèle seng Filmlëscht geheien:

27/11/2019 Filmer déi elo scho Loscht op Chrëschtdag maachen

Dës Woch leeft en neie Chrëschtfilm mam Emma Thompson an Emilia Clarke am Kino un. En handelt vun der jonker Kate, déi zu London an engem Chrëschtbutték schafft. Mol ofgesinn vun der Libesgeschicht an dem George Michael Soundtrack markéiert dëse Film virun allem d'Chrëschtzäit zu London. A wien déi schonn eng Kéier richteg erlieft huet, dee weess, dass nëmme wéineg Plazen d'Häerz vun engem Chrëscht-Fan esou héich schloe loosse wéi déi dekoréiert Oxford Street...
Ass et nach e bësse fréi fir d'Virfreed..?
Dat ass Affär de Goût. Gutt... bis Hellegowend sinn et nach knapp 6 Wochen, ma d'Glühwäinstänn si jo schonn op an e Sonndeg fänke mer och déi éischt Käerz un, oder maachen déi éischt Dierche vum Adventskalenner un. An do schwätzt näischt dogéint fir sech mol Owes op der Couch an d'Decken ze kuschelen an sech e schéine kitschege Libesfilm eranzezéien. 
Ech wollt Iech awer déi üblech a gängeg Filmer erspuere, wéi Grinch, Sissi, Kevin Home alone oder Die Hard, déi souwisou all Joers op en Neits an enger permanenter Schleef lafen, et ginn nämlech och nach e puer aner Pärelen déi nawell gutt an d'Zäit passen:

Fänke mer mat engem Klassiker aus dem Joer 1946 un: 
Et ass Hellegowend an den George ass kuerz virdrun opzeginn. En ass der Meenung dass d'Welt ouni hie besser wär a wëll sech grad vun enger Bréck geheien, wéi den Engel Clarence em erschéngt:

   
 
"It's a wonderful life" ass traureg, schéin ergräifend... a fir ëmmer mat Chrëschtdag verbonnen.

Männer a Frae kënne keng Frënn sinn?! Do kënnen d'Sally an den Harry net wierklech zoustëmmen. Si ginn zesummen iessen, telefonéiere bis spéit an d'Nuecht a versiche sech esouguer ze verkoppelen, bis se e grousse Feeler maachen...

Vläicht ass "Harry & Sally" kee richtege Chrëschklassiker, ma ëmmerhin hu vill Leit déck Pulloveren un

E Prime Minister dee sech a seng Mataarbechterin verléift, en Auteur dee sech a seng Botzfra verkuckt an e klenge Jong, deen sech verléift huet. Nach emol zu London kuerz viru Chrëschtdag begéine mer hei ënnerschiddlech Mënschen an hir Geschicht

"Love Actually", e Chrëschklassiker aus der Neizäit, bei dem et engem richteg waarm ronderëm d'Häerz gëtt.   

D'Amanda an d'Iris kéinten net méi ënnerschiddlech sinn. Während d'Amanda eng räich Produzentin vu Los Angeles ass, wunnt d'Iris an engem klenge Cottage am englesche Surrey. Eent hunn se gemeinsam: Mat de Männer schéngt et net wierklech ze klappen, bis se spontan  decidéieren iwwert d'Chrëschtdeeg hir Haiser mateneen ze tauschen:

"The Holiday" ass e kuerzweilege witzege Libesfilm, dee Loscht op Vakanz, Léift a Chrëschtdag mécht.

Ausserdeem géinge mer gären am Kate Winslet sengem Cottage wunnen an dass den Jude Law säi Brëll ni méi ausdeet.