Wat kënne Glieser ausdrécken, wa se op offiziellen Receptiounen an Iessen, zum Beispill um groussherzoglechen Haff, zerwéiert ginn? Si gehéieren souzesoen zur Diplomatie, well bei convivialen a kulinaresche Momenter d'Relatiounen tëscht Natioune kënne méi direkt gemaach ginn. Déi offiziell Glieser um Haff stamen nach aus der Zäit vum Grand-Duc Adolph. Elo sinn nei Glieser ënnerwee, déi mam Lëtzebuerger Handwierk gemaach ginn. Initiateur ass d'Chambre des Métiers. Gläichzäiteg koum och e Buch "Secrets de verre" eraus.

03/12/2019 "Secrets de verre" Buch 10h50

D'Buch ass anekdotesch an artistesch opgebaut, mat iwwer 70 Fotoen, mat Interviewen, ënner anerem vun der Grande-Duchesse Maria-Teresa. Mä och den historeschen Aspekt kënnt net ze kuerz. Et gëtt ee méi gewuer iwwer den éischten eegene Grand-Duc Adolph, den 1890 op den Troun koum, an d'Geschicht vun der Glasbléiserei zu Lëtzebuerg.
D'Buch "Secrets de verre" vum Maggie Steffen ass bei der Chambre des Métiers erauskomm. Et fënnt een et an de Librairien.