Et ass fir d'Mippercher ze kréien! Dobausse reent et riicht eran, an déi zwee Lausbouwe Jim a Charel wëssen net wéi se d'Zäit sollen erëmkréien. Wéi se dunn um Späicher zwee Brëller fannen, gesäit d'Welt op eemol ganz anescht aus, a wat si dann erliewen, dat geet op keng Kouhaut! "De Wëlle leeft am Bësch" sou heescht dat neit Kannerbuch vun der Diane Orban an der Myriam Karels, an dem der dat alles kënnt noliesen. D'Bea Kneip stellt Iech et vir.

04/12/2019 Lecture vun heiheem: "De Wëlle leeft am Bësch" D.Orban an M.Karels

Op der Konschtsektioun am Lycée hunn se sech kennegeléiert, no der Schoul hunn se sech dann aus den Ae verluer. Eréischt wéi se allebéid am Congé parental waren, hunn d'Diane Orban an d'Myriam Karels sech nees erëmfonnt. D'Iddi fir zesummen a Kannerbuch ze maachen ass éischter zoufälleg opkomm.Dobäi sinn si dovun ausgaangen, dass méi kleng Kanner dës Ausdréck dacks wuertwiertlech huelen. Sou leeft an der Phantasiewelt, déi de Jim an de Charel duerch hir Brëller gesinn, tatsächlech dee sprëchwiertleche Wëllen duerch de Bësch an d'Piratemeedchen kritt eng Plooschter op säin hëlzent Been. Hir Rees féiert si queesch duerch d'Ländchen, si begéinen dem Lämmes an dem Schmaddenzwerg ier se ze gudder Läscht nees doheem an hierer Kummer ukommen. Alles just gedreemt? Wie weess. Op alle Fall haten se vill Spaass dobäi, grad esou wéi hir kleng Lieser, déi op 40 faarwege Säiten nieft deene sëllechen typesch lëtzebuerger Ausdréck och nach vill witzeg Detailer entdecke kënnen. Zum Beispill déi 13 Mécken déi iwwerall am Buch déi verschidden Ausdréck duerstellen. Grad wéi de Jim an de Charel verstinn sech och d'Diane Orban an d'Myriam Karels blannemännerches, an sou war och d'Aarbecht un dësem Buch eng perfekt Zesummenaarbecht, bei der d'Diane Orban sech an éischter Linn op den Text an d'Myriam Karels sech op d'Illustratioune konzentréiert huet.

Dass déi bildlech Ausdréck bei de Kanner richteg gutt ukommen, huet d'Diane Orban dann och bei hirem klenge Jong vun 3 Joer selwer erlieft:
Dass dës typesch Lëtzebuerger Riedensaarten net solle verluer goen, dat ass d'Zil vun deenen zwou Autorinnen, déi iwwregens och begeeschtert Nolauschterinnen vum Sproochmathes Alain Atten sinn, bei dem se sou munch Inspiratioun fonnt hunn.

"De Wëlle leeft am Bësch" vum Diane Orban a Myriam Karels ass bei den éditions Schortgen erauskomm.

© RTL/Bea Kneip