Virun zwou Wochen, gouf de Metzer Kënschtler Thibauld Schneider am Cercle Cité mam 14. Prix d'Art Robert Schuman ausgezeechent.

Zanter 1991 bitt dëse Konschtpräis eng Vitrinn fir dat zäitgenëssescht Konschtschafen aus dem Reseau Quattropole, also deene véier Stied Lëtzebuerg, Metz, Tréier a Saarbrécken. Dobäi gëtt och all Kéiers eng Ausstellung op d'Been gestallt.
D'Sandy Elsen mat Detailer.

05/12/2019 Expo Robert Schuman Konschtpräis

Nach bis de 19. Januar 2020 kann een d'Wierker vun deene 16 Kënschtler an der Villa Vauban an am Cercle Cité entdecken.