D'Fuerschungsentreprise Euromonitor huet matgedeelt wat déi weltwäit beléifsten Ziler fir Reesen an eng Stad sinn. Virun allem Plazen an Asien sinn uewen am Ranking ze fannen. De Raoul Roos huet sech déi Lëscht ugekuckt.

04/12/2019 Reesen: déi beléiftste Stied 2018 17h15

Ermëttelt gi Stied déi weltwäit gekuckt bei den Touristen am beléifste sinn. Erauskomm ass eng Lëscht mat 100 Plazen. Et geet ëm d'Joer 2018 an et si Viraussoen fir 2019 well d'Joer jo nach net eriwwer ass. An där Lëscht vun 2018 si 43 asiatesch Stied an 32 europäesch.

Bei där Statistik gi Reesen analyséiert, déi méi laang wéi 24 Stonne gedauert hunn. An et ginn och nëmmen international Touriste gekuckt.

Op Plaz 1 eng Stad déi am Moment éischter fir politesch Onrouen bekannt ass: Hongkong mat 26 Milliounen internationalen Touristen. Dat wier virun allem wéinst der gudder Infrastruktur: eng nei Bréck an eng nei TGV Linn fir der nëmmen e puer ze nennen. Do hannendru kommen Bangkok, London, Macau, Singapur, Paräis an Dubai op der 7

Aktuell ass New York op der 8. Fir 2019 wier New York net méi an der Top10 vertrueden, mä elo just nach op der 11. Duerfir rëtscht awer  Nei-Delhi ënnert déi bescht 10.

An den USA sinn et och nach Stied wéi Miami op der 29, Los Angeles op der 33 a Las Vegas op der 38.

Ënnert de Stied déi e grousse Sprong gemaach hunn ass ënnert anerem dat ägyptescht Hurghada. Vun der 82 op d'63. Dat géif virun allem un de méi héije Sécherheetsmesure leien.

Och massiv bäigeluecht hunn déi indesch Stiet Agra a Chennai, dat tierkescht Antalya oder och nach Osaka a Japan.

Bei eis an Europa mat vir bäi sinn och nach Istanbul op der 10, Roum op der 16, Prag op der 22 an Amsterdam op der 25. Et ginn awer och Verléierer. Bei Barcelona, Mailand a Wien ass den Interet zréckgaang. Stied a Kroatien, Slowenien a Schweden konnte bäileeën. Fir eng Plaz an den Top 100 geet et awer net duer.

Bei den däitsche Stied ass Berlin op der 41, München op der 56 a Frankfurt op der 87. Hamburg a Köln sinn net an der Top100. Eis schéin Haaptstad och net.