An Däitschland huet d'Entreprise "Foodwatch" nees de Gëllene Windbeutel iwwerreecht. Dee Präis wëll awer keen, well en zeechent déi aus, déi mat falsche Verspriechen fir hire Produit Reklamm man.

Foodwatch nennen sech och nach "Die Essensretter" a kucken wéi enger Tricker an der Liewensmëttelindustrie verwend ginn déi de Konsumment uschmieren.

Beim Gëllene Windbeutel kënnen d'Leit dann ofstëmmen wéi e Produit d'Leit am meeschten bedrunn hunn. De Vote ass relativ eendeiteg ausgefall: Zwergenwiese kréien de Gëllene Windbeutel. D'Sara Heuser vu Foodwatch am RTL-Interview:

05/12/2019 Foodwatch (1) 08h40

Am ganze sti 5 Kandidaten zur Auswiel, dovunner hu Foodwatch 1 an d'Course geschéckt an déi aner 4 goufe vun de Konsumenten proposéiert iwwert de sougenannte "Schummelmelder" op hirem Site. Dorënner e Muertejus; do ass d'Verpackung méi kleng ginn, de Präis ass awer selwecht bliwwen. Och e Yughurt war derbäi an e Corny-Riegel, dee soll immens gesond sinn, awer voll mat Zocker ass. An deen anere Kandidat ware Wasabi-Nëss an deenen nëmmen 0,003 Prozent Wasabi dra war.

© Foodwatch

Duerno gëtt dann iwwer Internet ofgestëmmt. Dat war dëst Joer relativ eendeiteg. Méi wéi d'Halschent vun de Leit hu fir déi Tomatenzooss ofgestëmmt. "Zwergenwiese" déi di Tomatenzooss produzéieren, hunn de Präis acceptéiert.

Virun allem bei Kannerproduiten ass dat jo wichteg, well et wëll ee sengem Kand jo keng Zockerbomm z'iessen ginn.