Hutt der schonn äre Beemchen opgeriicht? Ee vun de bekannteste Beemercher vun der Welt dee steet schonn, an zwar zu New York beim Rockefeller Center.

06/12/2019 Rockefeller Center Bam 1715

De Buergermeeschter Bill de Blasio selwer huet de Knäppchen gedréckt fir dass d'Luuchten blénken.

Déi Dänn di dëst Joer do steet ass 23 Meter héich. 50 000 Liichtercher sinn drun, d'Liichterketten huet 8 Kilometer. Hei schwätze mer dann och net méi vun engem "Beemchen".

D'Spëtzt vum Bam ass e Stär dee 400 Kilo weit a mat Millioune Kristallen besat ass. Den Architekt Daniel Libskind huet deen designt.

De Bam selwer ass aus dem Nordweste vun New York, huet 14 Tonnen an ass 70 Joer al.

All Joers suivéiere Milliounen US-Amerikaner op der Tëlee wann d'Luuchten um Bam ugemat ginn a Staren optrieden wéi Gwen Stefani, John Legend oder Jon Bon Jovi.

Bekannt ass de Rockefeller Center och wéinst senger Äispist. Do ronderëm dierfen elo keng Autoen méi fueren well den Zoulaf esou grouss ass.

Dee ganze Spektakel gëtt et zanter 1930, ass also schonn eng laang Traditioun. Bis ugangs Januar gi sech eng 750 000 Visiteuren erwaart, all Dag! An och wann dat ganzt eriwwer huet de Bam nach en Notzen. Da gëtt e nämlech zerseet an déngt dann als Bauholz.

Och a Filmer ass den Dännebam ze gesinn. Bei "Kevin-Allein in New York" ass et déi Zeen wann de Kevin um Enn senger Mamm an d'Äerm fällt mat am Hannergrond deenen dausende Liichtercher. Da passt emol ob déi Zeen op wann der de Film dëst Joer nees kuckt.