Dem Shawn Mendes seng Duett-Partnerin kann nach ëmmer Solo. Wat den Harry kann, kann de Liam och a wien hätt geduecht datt vill Fëmme sou vill Succès hätt.

06/12/2019 Nei Musek fir de Weekend

Zënter Senorita seet een eben automatesch Shawn Mendes wann ee Camila Cabello héiert, an ëmgedréint. Et ass natierlech immens praktesch wann een e Summerhit hat fir dann am Wanter en 2. Album nozeleeën, d'Rechnung kéint opgoen. Obwuel ganz einfach dierft et fir déi Kubanesch-Amerikanesch Sängerin net ginn, Havanna aus dem Debutalbum Camila hat jo richteg ageschloen. Romance heescht den Album Nummer 2 an zënter September sinn net manner wéi 5 Lidder am Virfeld erauskomm, dorënner och Shameless a Liar an dat souguer de selwechten Dag. Déi nei Plack gëtt d'nächst Joer dann och hei an Europa Live presentéiert.

Bei Harry a Liam kann een, muss een awer net, de Lien mat One Direction maachen. Allebéid, den Harry Styles grad ewéi de Liam Payne, sinn duerch d'Boyband grouss ginn. Fir de Liam ass den Debutalbum; dee krut de ganz einfachen Titel LP1, et kann ee sech scho bal denke wéi déi 2. Plack vun him heescht. Ganz eleng huet de Liam säin éischt Wierk awer net opgeholl, nieft him héiert een och nach Kënschtler wéi Zedd, Rita Ora, J Balvin , Lennion Stella an A Boogie Wit Da Hoodie. A wie mengt den Album dierft keng gréisser Iwwerraschunge parat hu well schonn 9 Lidder ausgekoppelt goufen, dee soll wëssen datt eleng um Standard-Album 17 Lidder drop sinn.

Apropos Kollaboratiounen, där ginn et der op der neier Plack World War Joy vun The Chainsmokers och méi wéi genuch. An der Lëscht vun den Artisten déi op dem 3. Album vun den New Yorker matgeschafft hunn, fënnt ee ganz interessant Nimm. Dat geet vu 5 Seconds Of Summer, iwwer de Kygo, d'Amy Shark, d'Lennon Stella bis bei Blink 182 an d'Bebe Rexha. Ob een elo frou mam DJ- a Produzenten-Duo aus de States ass, fläisseg sinn den Drew Taggart, den Alex Pall; zënter dem Debutalbum Memories... Do Not Open ass all Joer en neien Album vun The Chainsmokers erauskomm.