Ween Zirkus gären huet, deen huet nach Geleeënheet bis den 31. Dezember e puer onvergiesslech Momenter um Glacis am Cirque de Lux ze verbréngen. Dan, du hues eis awer nach méi Evenementer fir dëse Weekend erausgepléckt? 

07/12/2019 Agenda fir de Weekend

Den Naturmusée invitéiert op den "Mad Lab" - fir Kanner vun 11-13 Joer déi hei en 3D Krëschtbeemche bastele kënnen, dëst ass eng Aktivitéit fir sech mat der Technik vum elektronesche Cirquit auserneen ze setzen. Ufank ass um 11 Auer. 

Och fir déi méi jonk nach e ganz flotte RdV an der Philharmonie de Mëtteg um 3 an um 5 Auer, den Spektacle Musical "Amelia s'envole" no der Geschicht vun der Fluchpionéierin Amelia Earhart.
______________________________________________________________________________________

Fir d'véierte Kéier invitéiert d'Escher Kulturfabrik haut op d'Anger Fest, zesumme mat der Lëtzebuerger Band Scarlet Anger, e Festival wou Metal duerch d'Odere fléisst an d'Häerz fir de gudden Zweck schléit.

Extr. AGENDA - Anger Fest

De Lineup setzt sech aus Legion of the damned als Headliner zesummen, Desdemonia, Kraton, Ardenne Heavy, Parity a Scarlet Anger. Dës Kéier gëtt un d'Kanner geduecht, an entweder bezilt een an der Entrée 18€, oder et bréngt een eng nei Spillsaach mat a kënnt gratis eran. Den Erléis vum Owend geet un SOS Kannerduerf. 
______________________________________________________________________________________

Den Artikuss a Festikuss zu Zolwer hunn och eng Jett op der Affiche dëse Weekend, ugefange mam Vide Dressing am Festikuss, dem Second Hand, haut fir d'Kanner, muer fir Ladies an Gentleman, ëmmer vun 9 bis 4 Auer

Den Owend gëtt et dann am Artikuss iresche Flair mat den Desperados of Ireland:

Extr. Desperados of Ireland

Gesteppt, gesongen a musizéiert gëtt ab 8 Auer.

Da gi mer nach an d'Schungfabrik op Téiteng, do ass dëse Weekend déi drëtt Editioun vum Game on, dem Spillevent fir Gesellschafts a Videospiller.
_____________________________________________________________________________________

Den Owend ass eng interessant sportlech Table Ronde an der Schräinerei zu Déifferdeng. Et geet iwwer d'Gläichberechtegung vun de Geschlechter. D'Liz van Rijswijk vun de Velosvedetten mat e puer Informatiounen.

Cut Liz van Rijswijk

Mat an der Table Ronde setzen ënnert anerem d'Cyclistin Chantal Hoffmann, de fréiere Futtball-Internationale Marc Oberweis an och nach d'Paule Kremer wat viru gutt 2 Joer duerch den Äermelkanal geschwommen ass.
Lass geet et um 18.00 Auer an der Schräinerei zu Déifferdeng.
_____________________________________________________________________________________

D'Kulturhaus Nidderanven proposéiert muer um 5 Auer en Hommage à la Môme. A Sengem neie Stécker erzielt de Jean Noesen iwwert d'Liewe vum Edith Piaf, vun hirer Sucht no Alkohol, no Drogen an no Léift.

Extr. Edith Piaf (la vie en rose)

Am Stéck gi vereenzelt Zeenen aus hirem Liewen erausgestallt, virun allem déi mat hire frënn, déi och hir Lidder sangen.
________________________________________________________________________________________

Net ze vergiessen dann eng wanterlech Ambiance mat Chrëschtstëmmung op ville Plazen am Land:

Wanterflair zu Hesper am Park
Winterdays zu Réimech
Xmas Ambiance mat Mäerchegaass zu Cliärref
Chrëschtmaart dëse Weekend zu Käerjeng zu Diddeleng zu Déifferdeng
______________________________________________________________________________________

A fir den Televie gëtt op dëse Plaze gesammelt:

Den Trifolion zu Iechternach proposéiert um 5 Auer eng vun de schéinste Liebesgeschichten, "Die Schöne und das Biest", mam Balletensemble Fantasio

D'Poren Ëlwen-Wäiswampich an Wëntger invitéieren op 'e Liäwegen Adventskalenner': mat 15 Adventsfënsteren matt Gesank, Krëppefeieren a Krëppespiller als Astëmmung op Chrëschtdag.

D'Madame Leider - Eberhardt Marie-Jeanne bastelt zu Nidderkuer aus Bicher Engele fir den Televie.

AMBITUS Echternach invitéiert op d'Christmas Carols, muer um 4 op Iechternach an d'Basilika mat den Amis du Chant, dem Luxembourg Brass Ensemble an dem Laurent Felten op der Uergel

Kiwanis Luxembourg invitéiert op d'Expo Un Certain Moment mat Skulpturen vum Jhang Meis a Biller vum Rol Steimes nach bis de 15ten Dezember am Beetebuerger Schlass.