Zanter 10 Joer gëtt et „Music:LX“, eng Asbl, där hir Missioun et ass, Lëtzebuerger Artisten an hirem Developpement ze ënnerstëtzen an hir Musek uechter d'ganz Welt ze promouvéieren. Finanziell ënnerstëtzt, gëtt Music:LX doranner vum Kulturministère a vun der SACEM.

En Dënschdeg hat den Exportbüro an der Rockhal säi Bilan vun 2019 presentéiert an iwwerdeems dräi Museksensembelen mam Präis „Export Artist of the Year“ ausgezeechent.

12/12/2019 MusicLX

„Music:LX“ an déi 86 Lëtzebuerger Kënschtler déi mam Exportbüro zesumme schaffen, hu nees en erfollegräicht Joer hannert sech. 32 Alben, EP'en a Singlen goufen 2019 um internationale Marché verëffentlecht. Concerte vu Lëtzebuerger Museker am Ausland zielt Music:LX der insgesamt 1181, wouvun déi meescht an Däitschland, Frankräich, an an der Belsch gespillt goufen. Dat weist, dass dat direkten Ausland eng wichteg Roll spillt.

En Dënschdeg goufen dann och dräi Präisser un d' Export-Kënschtler vum Joer verginn, also déi Museker, déi 2019 iwwer déi national Grenzen eraus fir vill Opmierksamkeet gesuergt hunn.

An der Kategorie Rock/Pop/Electro an Urban goung de Präis un Seed to Tree, déi am vergaangene Fréijoer hire neien Album „Proportions“ erausbruecht hunn.

Am Beräich Klassik/zäitgenessesch Konscht, duerft sech den „Orchestre Philharmonique du Luxembourg“ iwwert de Präis freeën. Den OPL war dëst Joer ënnert anerem op Tournée duerch Latäinamerika, wou déi ronn 100 Museker och Workshopen a Concerten a sozial schwaache Quartiere ginn hunn.

Eng vun deene villen Aktiounen, déi music:LX 2019 realiséiert huet fir d'Visibilitéit vun de Lëtzebuerger Museker weltwäit ze boosten, war et fir mam Musek-Streamingdéngscht Spotify Benelux a Kontakt ze trieden. D'Resultat dovun ass déi offiziell Playlist „Made in Luxembourg“.