Jidderee kennt dat wahrscheinlech: et ass ee ronderëm d'Feierdeeg gemittlech an enger Bar mat e puer Frënn, d'Atmosphär ass méi wéi agreabel an grad an deem Moment héiert een d'Schlittegläckelcher aus dem Haut-Parleur an da kënnt dat Lidd wat een dono méintelaang net méi aus dem Kapp kritt.

16/12/2019 25 Joer "All I want for Chrismas is you!"

Et ass offiziell... d'Leit hunn dat Lidd ënnert aneren an enger Ëmfro zum nervegste Chrëschtlidd vun allen Zäite gestëmmt, an dat ënner 10 bekannte Lidder. Vu Last Christmas schwätze mer net méi, d'Mariah krut déi éischt Plaz.

D'Lidd huet elo 25 Joer um Bockel an ass eent vun den erfollegräichste Chrëschtlidder vun allen Zäiten. D'Mariah huet eleng mat dësem Titel 60 Milliounen Dollar verdéngt. Déi eng hunn e gär déi aner haassen en...

Déi britesch Medien hunn et offiziell gemaach an hunn dem Lidd den Titel vum nervegste Song vun der Saison ginn, wat allerdéngs d'Lidd net dovunner ofgehalen huet all Joer un d'Spëtzt vun den Charts ze klammen. An obwuel en esou nervt ass an eleng d'lescht Joer 11 Millioune mol gespillt ginn, esou de Magazin Rolling Stone.
D'Mariah huet also elo de Rekord fir dat Chrëschtlidd vun engem Solokënschtler dat déi héchst Chartpositioun erreecht huet an dat bannent 24 Stonnen am meeschten op Spotify gestreamt ginn ass, nämlech 10,8 Millioune mol den Dag. Also kloer e Chrëschtklassiker. 

D'Mariah Carey ass d'Christmas-Queen a mécht hirem Numm och all Éier. Fir hir léifste Joreszäit ass hir näischt ze schuet, si flitt och dëst Joer nees mat Privatjet op Aspen, wunnt do mat hirer Famill an engem Chalet mat fënnef Schlofzëmmer fir 7.500€ d'Nuecht, organiséiert all Joer eng speziell Firma vu Liverpool fir 30.000 £ déi mat Schnéikanounen op der Plaz ass fir och wäiss Chrëschtdag ze garantéieren, an huet e richtege Bësch mat edelen Dännebeem installéiere gelooss, déi mat Glasbullen, Kanéil a frëschem Eukalyptus gerëscht ginn. Och all Zëmmer kritt säin eegene Chrëschtbam, dee mat faarwege Liichter a Polaroidfotoe vun der Famill dekoréiert wäert ginn.  
Den Haaptbam, 6 Meter héich, ass vun enger professioneller Firma gëllen dekoréiert, 20.000 Liichtercher, Dännekränzercher a Mëspel maachen d'Deko perfekt. D'Mariah selwer ass op der Schipist am Dior oder Chanelkostüm ze gesinn an Owes kritt d'Famill Besuch vum Santa Claus, deen an engem Schlitt mat Rendéier voll beluede mat Kaddoe kënnt. D'Mariah Carey betount, dass et hir am allerwichtegste wär fir hire Kanner op Chrëschtdag déi richteg Wäerter ze vermëttelen an dass se léieren dat ze appreciéiere wat se kréien.