''O Tannenbaum...''zielt zu dee bekanntste Chrëschtdagslidder a genee ëm deen Dännebeemchen maache mir eis elo mol e puer Gedanken. Hutt Dir Iech schonns mol gefrot, wou deen dann hierkënnt a firwat e schonns hallef verdréchent an ärer Stuff steet a Chrëschtdag ass mol nach net zum Gräifen no? D'Marie Gales huet bei Natur an Ëmwelt nogefrot wéi een et da richteg mécht, wann een e Beemchen doheem opriicht.

12/12/2019 Nohaltege Chrëschtbeemchen

Waren d'Chrëschtbeemercher fréier dacks en Offallproduit wann de Bësch gebotzt gouf an dës Beem gehae goufe fir Plaz ze maachen, sou kommen haut déi meescht aus Ziichtungen, déi d'Ëmwelt an eis Gesondheet dach schwéier belaaschten. 3/4 vun alle Stéit zu Lëtzebuerg hunn e Chrëschtbeemchen a fir der Nofro gerecht ze ginn, kommen déi dacks aus Monokulturen, déi mat ville Chemikalien ugebaut ginn an en décke Wee zréck leeë musse bis an eis Stuff, d'Elisabeth Kirsch gëtt dëst ze bedenken.

Dofir soll een op lokal a regional Beem setzen, déi och ökologesch e Sënn maachen; d'Adresse vun deene Produzente fannt Dir um Internetsite vun Natur an Ëmwelt. Eng flott Alternativ ass et och de Chrëschtbeemchen ze leasen.

Anere Sujet ass d'Dekoratioun um Beemchen.

Richteg Käerze soll ee léiwer evitéiere fir op de Beemchen ze setzen, wéinst der Brandgefor. Ma och bei den elektresche Luuchte soll een oppassen an éischter LED wielen.

Et kann ee sech säi Chrëschtbeemchen dann och selwer bauen, um Internet an op Natur an Ëmwelt gesäit een dozou flott Iddien.

An eng Fro, déi een sech stelle soll, ass ob ee wierklech e Chrëschtbeemche brauch, wann een déi Deeg guer net do ass. Alles der Ëmwelt zur Léift, weider Informatiounen ronderëm den nohaltege Beemche ginn et op